
D’Décisioun fir Realisatrice ze ginn, huet d’Alexandra Kurt net vun engem Dag op deen anere getraff, andeems si ganz klischeehaft „eng Kamera um Späicher fonnt“ huet. Vill méi huet si schonn am jonken Alter gemierkt, datt si sech bei Filmer méi ëm dat ganzt ronderëm interesséiert, also ëm den Kreatiounsprozess vun engem Film:
“Dunn hunn ech gemierkt, wat mech interesséiert, war virun allem d’Liewen um Set a wéi de Film entstanen ass. A wéi et méiglech ass, dass déi eenzel Departementer wéi Kamera, Zeenebild, Kostüm esou mateneen zesummeschaffen an esou wéi een Auerwierk aneneegräifen an dann eng grouss Visioun kreéieren. Datt hunn ech einfach immens interessant fonnt an ech hunn dat esou bewonnert a mech sou domadder identifizéiert, dass ech wollt en Deel dovunner ginn.”
Kuerzerhand huet déi jonk Realisatrice selwer u Film-Workshoppen deelgeholl, ier si am Alter vu 16 Joer och konnt Stagen a Vakanzenjobs op Tournagen oder bei Filmproduktiounsfirmen absolvéieren. No hirer Première 2016 huet si dunn e BTS am Stater Lycée des Arts et Métiers besicht. Zu deem Zäitpunkt huet si déi sëllege Beräicher vun der Filmproduktioun kennegeléiert, wouduerch si vun hirer Decisioun, Realisatrice ze ginn, nach méi iwwerzeegt war a sech 2019 schliisslech op der HFF zu München gemellt huet, wou si bis haut lieft a studéiert.
Eng Studieplaz op der Hochschule für Film und Fernsehen (HFF) zu München ze kréien, ass net einfach. Ëmmerhin hunn hei Leit wéi Wim Wenders, Roland Emmerich oder Caroline Link studéiert, ier si sech op internationaler Bün en Numm maache konnten. Well den Zoulaf un Demandë fir e Realisateursstudium un der HFF riseg ass, ginn all Joer och nëmmen 3% vun alle Kandidaten ugeholl. Nieft Basiswëssen an Erfarung vun e puer Joer an deem Beräich, huet dem Alexandra hir Kandidatur nach aner Saache musse beinhalten:
“Fir den Dossier ofzeginn, huet een zwee Kuerzfilmer, déi een dréine muss zu engem bestëmmten Thema, et muss een e Konzept ofginn, fir e Kinofilm an et muss een e Konzept ofgi fir en Dokumentarfilm vu 45 Minutte mat enger Fotostreck vun 10 Fotoen (...) Wann een dann an déi nächst Ronn kënnt, da geet een op d’Plaz an et huet ee verschidden Aufgaben, déi een do muss maachen, wéi z.B. eng Inszenéierungsaarbecht, eng Filmanalys oder eng Defense vum Dossier.”
All Joer muss een Ofschloss-Kuerzfilm gedréint ginn. Wärend dem Joer besicht déi jonk Filmemaacherin ënnerschiddlech Coursen, fir sech säi Wëssen unzëeegnen. Déi Course gi vu bis: “Wanns de Realisatioun studéiers, hues de op der enger Säit zum Beispill theoreetesch Fächer, wéi Technik, Filmgeschicht oder Analys awer dann och ganz vill praktesch Inszenéierungscoursen, wéi zum Beispill e Komödieseminar oder en Intimacy-Seminar, wou ee léiert, wéi een d’Mise en scène vun enger Intimzeen mécht.”
11 Court-métragen zielt dem Alexandra Kurt hir Filmographie bis ewell, dovunner 7 am Kader vun hirem Studium un der HFF. Mat “August und die Hasenohren”, konnt si 2022 den Däitsche Jugendfilmpräis gewannen, zejoert krut si fir hire Kuerzfilm “Comme je suis, comme tu es” de Prix Europa, de gréisste Mediepräis fir europäesch Produktiounen. Doriwwer eraus lafen hir Filmer op renomméierte Filmfestivallen.
Wat d’Inspiratioun fir hir Wierker ugeet, spillt fir d’Realisatrice Visualitéit eng immens wichteg Roll. Iddie kënnen him beispillsweis duerch Fotoen oder och Biller am Musée kommen:
“Déi Biller zielen ëmmer eng Geschicht, och wann déi villäicht net intentionéiert gouf vum Kënschtler oder vun der Kënschtlerin (...) Wanns de dee Moment zwee Leit an engem Bild gesäis, stellen ech mer ëmmer d’Fro: Ok, wéi sinn déi lo iwwerhaapt zu deem Punkt komm, dass se lo genau an dem Moment sech begéinen?”
Ma och d’Liewe selwer - „och wann dat ganz vill Leit soen“ wéi d’Alexandra umierkt - liwwert genuch Inspiratioun: „Ganz oft ginn et Saachen, déi ech da gesinn, wou ech mer soen: Dat do wier eng immens cool, witzeg oder absurd Zeen! An da schreiwen ech mer se op.”
Dass et Fraen am Filmgeschäft als Realisatricen nach ëmmer net einfach hunn, hat Enn Januar jo d’Diskussioun ronderëm d’Oscar-Nominéierunge vu “Barbie” gewisen. Wärend de Film an 8 Kategorien nominéiert gouf, dorënner als beschte Film, gouf d’Regisseurin Greta Gerwig (wéi och Haaptactrice Margot Robbie) net ernimmt, wat eng hëtzeg Debatt ronderëm d’Gläichberechtegung vu Fraen an Hollywood ausgeléist huet.
Och d’Alexandra gesäit e Manktem u Chancëgläichheet a Visibilitéit fir Fraen am Beräich vun der Filmregie. De Fait, datt un de renomméiertste Filmhéichschoulen an Europa genee sou vill Fraen, wéi Männer studéieren, géif weisen, datt de Problem net u feelender Ausbildung läit, ma éischter um Onwëlle vu gréissere Produktiounsfirmen. Soubal d’Realisatricen op de Marché kommen, géif dat Gläichgewiicht nämlech changéieren. “Wann ee mol kuckt, wéi eng Filmer gefërdert ginn an déi grouss Budgete kréien, fir Kino, fir Fernsee, fir Streamer, dann ass et esou, dass et bei 75% bis 80% vun de Realisateure Männer sinn a 25% bis 20% si Realisatricen. Dat ass fatal.”
Trotzdeem bléckt d’Filmstudentin zouversiichtlech an d’Zukunft. Si wier frou, zu enger Generatioun ze gehéieren, an där “ëmmer méi Frae sech och trauen ze soen: Ech gesinn aner Realisatricen, déi hu Kanner, déi stinn am Liewen, déi kréien déi grouss Budgeten.”
Jonk Realisatricë wéi d’Alexandra géifen doduerch gewise kréien, dass et als “Fra méiglech ass, Filmer ze maachen, déi gesi ginn an déi och wëlle gesi ginn (...)” Et wier eng “Zäit vum Ëmbroch”, an där och hir männleche Kolleegen, mat deene si zesummeschafft “sech ëmmer méi bewosst ginn, wat fir eng grouss Verantwortung si hunn a wat fir eng Muecht si och hunn.”
Fir hir perséinlech Zukunft mécht d’Alexandra sech net all ze vill Gedanken. Si wënscht sech awer, hir Passioun weiderhi sou ausliewen ze kënnen, wéi si dat bis ewell gemaach huet: “Wann ech mir awer eng Saach wierklech wënschen, dann dass ech weiderhin zu München an zu Lëtzebuerg wunnen, Filmer dréinen an déi Filmkultur op deene jeeweilege Plaze prägen an nohalteg beaflossen.”
