
Mir hunn ons bis elo op dëser Plaz ganz vill mat dem “Ingeborg Bachmann"-Film an dem Vicky Krieps beschäftegt. De Film vum Margarethe von Trotta zielt sécher net zu de bessere Filmer vun der Kompetitioun, loin de là. Par contre ass et e Film, dee sécher bei eis an de Kino kënnt.
Kucke mer emol op déi Filmer an der Kompetitioun vun der Berlinale, déi mer bis elo gesinn hunn, an déi dir och mat grousser Warscheinlechkeet doheem iergendwann ze gesi kritt.

Den éischte Film an der Kompetitioun war “Blackberry” vum kanadesche Realisateur Matt Johnson. De Film erzielt den Opstig an de Fall vun der kanadescher Entreprise déi de Blackberry Smartphone entworf huet, dee jo am Ufank vum 21. Joerhonnert de Maart dominéiert huet, éier e vun Apple a sengem Touchscreen ersat gouf.
De Film suivéiert d’Pionéierzäit vun der Smartphone-Industrie, déi vun enger Ekipp vu jonke brillanten awer total immaturen technesche Geeken a B-Movie-Freake gegrënnt gouf. Et war eng Zäit, wou Aarbecht a Pleséier zesummegaange sinn. Mat enger ganz mobiller Kamera, déi hei hier voll Daseinsberechtigung huet, fänkt de Film des Atmosphär vu kreativem Chaos excellent an, an opposéiert se konsequent, villäicht e bëssen ze vill, mat de steiwen, seriöen an aggressive Manager, déi no a no zur Equipe stoussen a versichen, Uerdnung an de Chaos ze kréien an och d’Firma weider ze dreiwen. Dat mécht de Film iwwer wäit Strecken extrem witzeg an ënnerhalend. Fir d’Competitioun vun engem grousse renomméierte Festival ass dat dach awer villäicht ze liichte Kascht, an ze déjà-vu.

“Manodrome” vum südafrikanesche Realisateur John Trengroves huet zwee vun de ganz wéinege bekannten Nimm aus der Kompetitioun op sengem Generique. Eleng doduerch, mee och duerch seng Thematik a seng ganz klassesch an effikass Machaart, huet e reell Distributiounschancen am Kino. De Jesse Eisenberg spillt do en Uber-Chauffeur, dee sech senger prekärer sozialer Lag kuerz virun der Gebuert vu senger Duechter ëmmer méi bewosst gëtt. Ouni Halt, am Gefill, dass en e Loser ass an an der Incapacitéit seng ambivalent Gefiller an Aggressiounen ze verstoen an ze kontrolléieren, flücht en an eng sektenaarteg Ersatzfamill vu fraenhaassende Männer, déi vun engem charismatesche Guru (Adrien Brody) geleet gëtt.
“Manodrome” ass eng interessant Milieustudie iwwer toxesch Männlechkeet an déi sougenannten Incel-Zeen. De Film baut eng konsequent bedréckend a bal krankhaft Atmosphär op, déi u Filmer wéi “Taxi Driver” oder “Fightclub " erënnert. De Realisateur leet awer hei nach e puer Schëppen drop, paakt ze vill a säi Film, besonnesch wann en och nach ausféierlech sech mat der latenter Homosexualitéit vum Haaptpersonnage beschäftegt, déi vum zentralen Thema, der männlecher Toxicitéit, oflenkt. Manner wär hei sécherlech méi gewiescht.
Da komme mer schonn zu e puer vun de beschte Filmer aus der Competitioun, déi ouni grouss Nimm, reng duerch hir Sensibilitéit a Mënschlechkeet, awer och hir formal Maîtrise, dierften e gréissert Cinephil-Publikum uspriechen: bref déi Leit, déi zu Lëtzebuerg den Utopia frequentéieren.
Apropos: am Utopia, oder awer och zum Beispill hei am Berlinale-Palast, ginn et nach ganz normal komfortabel Kinossëtzer. Dat wierkt elo ganz spartanesch, am Verglach zu de renovéierte Cinemaxx-Säll, an deene vill Pressevirstellungen stattfannen. Et ass do bal wéi bei den ale Réimer: mat motoriséierter Kraaft kann een d’Been héichleeën, an et ass Plaz fir e gutt gefëllte Plateau: Couch mit Fressnapf! Wéi virun der Tëlee! Versprach, mir hunn ni op de Knäppche gedréckt, fir ons an der voller Längt auszebreeden. An ze Iesse gëtt et gottseidank näischt wärend dem Festival.
Totem

Am mexikanesche Film “Totem” vun der Realisatrice Lila Avilés, kënnt fir een Dag eng gréisser Famill an engem Haus zesummen, fir de Gebuertsdag vum stierweskranke Papp ze feieren, dee sech a sengem Zëmmer isoléiert huet. D’Perspektiv vum Film ass déi vu senger klenger Duechter Sol, dat onbedéngt säi Papp wëll gesinn.
Zu dem liewegen a faarwegen Tumult am Haus, wou d’Fraen dominéieren, zielen d’Diskussiounen tëschent de Schwësteren, ob a wéi se dat klengt Sol solle protegéieren, oder och eng Exorzistin, déi déi béis Geeschter ausdreiwe soll, wat de Grousspapp op d’Palm bréngt. Am Kontrast zur agitéierter Welt vun den Erwuessenen dréint d’Zäit fir d’Kanner anescht, a besonnesch d’Sol bleift alert op alles, wat et ronderëm säi kranke Papp, iwwert Liewen an Doud ka gewuer ginn. Zum Schluss clôturéiert eng wonnerbar Party mam Papp e magesche Film, aus deem dat klengt Sol méi staark a selbstbewosst erauskënnt.
20.000 Species of Bees

Och “20.000 Species of bees”, den éischte Film vun der baskescher Realisatrice Estibaliz Urresola Solasguren, spillt an enger gréisserer Famill, wärend enger Vakanz. Den 8 Joer ale Coco mierkt ëmmer méi, dass säi natierlecht Behuelen a seng Wënsch net den Erwaardunge vu senger Ëmwelt entspriechen. E fänkt un lues a lues seng Identitéit ze exploréieren, ze testen, ze experimentéieren, ze kucke wat u Reaktioune vun den Erwuessene kënnt, vu senger Mamm, an och senger Groussmamm a Groustatta, déi Beien ziichten.
Déi dräi Frae si selwer vill mat sech selwer beschäftegt, besonnesch Mamm déi Artistin ass, a kuerz virun engem wichtegen Exame steet. Dëst lenkt villäicht e bësse vun dem Identitéitsproblem of, mee et sinn awer si déi, ob verschiddene Manéieren, receptiv genuch sinn, fir no an no ze verstoen, dass de Coco sech als Meedche gesäit a fillt. De Film ass net interesséiert un enger Denonciatioun vun Transgender-Feindlechkeet. Villméi ass et eng sensibel Observatioun vun engem Selbstfindungprozess, wärend deem de Coco a klenge Schrëtt d’Acceptanz vu senger Famill fënnt. Als Lucia, kënnt e gestäerkt aus senger Vakanz heem, e bësse wéi d’Sol an “Totem”.
Past Lives

“Past Lives”, den éischte Film vun der Koreanerin Celine Song, fänkt mat der platonescher Léift tëschent zwee Kanner an der Schoul zu Seoul un. D’Nora emigréiert duerno op New York an den Hae Sung fënnt se 12 Joer méi spéit per Internet erëm. Hier Relatioun entwéckelt sech zu enger Studenten-Romanz, bis den Hae Sung, nees 12 Joer méi spéit, no der Rupture mat enger Frëndin decidéiert, op New York ze fléie bei d’Nora, dat säit längerem bestuet ass. Dësen autobiographesch ugehauchte Film ass en typeschen US-Indie-Film, eng Romantesch Komedie, eng Zort geraffte Versioun vum Richard Linklater senger Trilogie “Before”, awer vun der allerbeschter Qualitéit, Subtilitéit a Liichtegkeet, wat ee net vun allen Indie Filmer soe kann.
Et ass e Film iwwert Auswanderung, iwwert d’Léift, Schicksal, verpasste Chancen, erzielt mat vill Sensibilitéit, Emotioun awer ouni Sentimentalitéit, mat der néideger intellektueller Distanz, an och mat Humor, souwuel a den Zeenen tëschent dem Nora an hirem Mann, wéi an der groussaarteg geschriwwener Renconter tëschent deenen dräi an enger Bar zu New York. De Film ass scho virdrun um renomméierte Festival zu Sundance gewise ginn, an och wann dat net géint déi offiziell Reegele verstéisst déi déi grouss Festivaller sech zougeluecht hunn, esou schéngt et mer dat dach eng komesch Decisioun vun der Berlinale ze sinn, well se net richteg op dee Film ugewise waren, a genuch aner gutt Filmer a Competitioun haten. Ob de Jury bereet ass ënner deenen Ëmstänn de Film ze priméieren, bleift ze gesinn. Den Interpretatiounspräis fir d’Greta Lee, als Nora, wier villäicht e Kompromëss.
Berlinale 2023 - 1. Blog
Berlinale 2023 - 2. Blog
Berlinale 2023 - 3. Blog
Berlinale 2023 - 4. Blog
Berlinale 2023 - 5. Blog