Eurovision Song Contest 2026Eva Marija trëtt fir Lëtzebuerg an der zweeter Halleffinall de 14. Mee un

RTL Lëtzebuerg
D'Halleffinalle fir den ESC 2026 sti fest: Lëtzebuerg wäert an der zweeter Hallschent mat derbäi sinn, dat ënnert anerem nieft der Schwäiz, der Ukrain an Norwegen.
© Eurovision

Donneschdeg de 14. Mee wäert d’Eva Marija fir Lëtzebuerg als véiert op der Bün stoen, hannert Bulgarien, dem Aserbaidschan a Rumänien.

An der éischter Halleffinall den 12. Mee sinn ënner anerem Schweden, Portugal, Finnland, d’Belsch an Israel mat derbäi. D’Finall ass da Samschdeg de 16. Mee 2026.

D’"Big Five” - also Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien - sinn automatesch fir d’Finall qualifizéiert, genee wéi dat jeeweilegt Gastgeberland. 2026 gëtt den ESC an der Éisträichescher Haaptstad Wien ofgehalen. Spuenien ass, genee wéi Irland, Slowenien, Holland an Island, dëst Joer aus Protest géint d’Participatioun vun Israel allerdéngs net derbäi.

Éischt Halleffinall

  1. Moldawien
  2. Schweden
  3. Kroatien
  4. Griicheland
  5. Portugal
  6. Georgien

    Italien

  7. Finnland
  8. Montenegro
  9. Estland
  10. Israel

    Däitschland

  11. Belsch
  12. Litauen
  13. San Marino
  14. Polen
  15. Serbien

Zweet Halleffinall

  1. Bulgarien
  2. Aserbaidschan
  3. Rumänien
  4. Lëtzebuerg
  5. Tschechien

    Frankräich

  6. Armenien
  7. Schwäiz
  8. Zypern

    Eisträich

  9. Lettland
  10. Dänemark
  11. Australien
  12. Ukrain

    Groussbritannien

  13. Albanien
  14. Malta
  15. Norwegen
Back to Top
CIM LOGO