E Freideg ass deen éischten Owend vun de Francofolies. De Museksfestival um Gaalgebierg, deen ufanks virun allem fir e franséischsproochege Public geduecht war, huet sech mëttlerweil an der ganzer Groussregioun etabléiert an zitt eng Villzuel un internationale Visiteuren a Museker an d'Minetter Haaptstad.
Zanter 2021 gëtt de Festival all Joer vun der Associatioun Francofolies, déi 2019 mam Loïc Clairet als President gegrënnt gouf, am Fréijoer zu Esch organiséiert. Net nëmmen d'Evenement selwer gëtt zanterhier all Joers méi grouss an dauert méi laang, och d'Organisatioun, fir esou e Weekend op d'Been ze stellen, huet iwwert d'Joren zougeholl.
Nieft internationale Museker – wéi dem Macklemore, GIMS, oder PLK – trieden um Francofolies och Lëtzebuerger Newcomer op, wéi zum Beispill d'Ninon oder d'Marcy.
De Festival huet sech sou vun engem Event, deen haaptsächlech Fransousen aus der Grenzregioun unzitt, zu engem feste Rendez-vous fir Museksbegeeschterter aus der ganzer Groussregioun entwéckelt.
Fir de Wuesstem vum Festival ze erhale gouf sech dëst Joer och eppes ganz Neies iwwerluecht, esou zitt een ëmmer nees nei Leit op den Escher Gaalgebierg, erkläert de Loïc Clairet, President vun de Francofolies an Direkter vum Festival zu Esch:
On s'est mis à s'amuser, comme chaque année, à développer un toboggan à paillettes qui déclenche des photos. Un jeu qui va traverser tout le site du festival, où les gens vont récolter pour construire une phrase magique. On a les bains finlandais, les saunas avec une expérience immersive, avec des bruits de cheminées, de brames de cerfs et puis, les gens sont invités aussi à découvrir des nouveaux animaux fantastiques, des espaces pour enfants, des espaces pour ados. Il y en a pour tout le monde.
D'Francofolies si mëttlerweil och méi, wéi just ee Weekend. Schonn den Owend virum offizielle Start konnt ee sech op verschiddene Platzen uechter Esch op déi kommend Deeg astëmmen.
An der Kulturfabrik konnt zum Beispill de Kanadier Adam El Mouna de Programme "hors les murs" lancéieren.
De ganze Festival kann ee bis e Sonndeg den Owend zu Esch entdecken.