D’Realisatrice Chloé Zhao, déi scho mat NOMADLAND en Oscar gewonnen huet, bleift och mat der Adaptatioun vum Bestseller HAMNET hirem ganz perséinlechen, bal kontemplative Stil trei. Si interesséiert sech hei net fir eng klassesch Biografie vum William Shakespeare, mee erzielt eng Familljentragedie aus dem Bléckwénkel vu senger Fra Agnes.
Am 16. Joerhonnert an England léiert de jonke William (Paul Mescal) d’Agnes (Jessie Buckley) kennen, eng fräi, bal mystesch Fra, déi eng staark Verbindung zur Natur huet. Si verléiwe sech, kréie Kanner, bis hien op London geet, fir eng Carrière am Theater opzebauen. Duerch de Verloscht vun hirem Jong Hamnet, deen un der Pescht stierft, brécht d’Koppel ausenaner.
Aus der Trauer gëtt schlussendlech eng emotional Quell fir d’Schafe vun engem vun de bekanntsten Theaterstécker vum Shakespeare mam Titel Hamlet.
D‘Jessie Buckley, déi fir hir Interpretatioun vum Agnes en Oscar konnt gewannen, dréit de Film mat enger immens intensiver a kierperlecher Interpretatioun vun Trauer. De Paul Mescal gëtt dem Shakespeare eng sensibel a verspillte Säit, wärend deem d’Emily Watson an der Roll vum William senger Mamm mat all hirer emotionaler Wucht häerzzerräissend ass.
D‘Chloé Zhao setzt op eng visuell Sprooch déi tëscht Intimitéit a Symbolik schwankt, tëschent extreme Realismus an enger poetescher Erzielweis, déi sech an e bewosst luesen an elliptesche Rhythmus aschreift.
HAMNET tendéiert dozou, säi Pathos zimmlech staark auszespillen an déi narrativ Dynamik geet zumools am éischten Deel vum Film oft op d’Käschte vu bedeitungsschwangere Biller verluer. Dëst gëtt dem Zhao hirem Film eng Deels schematesch an nawell demonstrativ Dimensioun. HAMNET ass awer virun Allem e sensibelen, visuell affirméierte Film, deen éischter eng emotional Erfarung wéi eng klassesch Geschicht erzielt.