An de Kinoen ugelafHannert de Kulisse vu “Le Chemin du Bonheur”

RTL Lëtzebuerg
Mat nëmme 6 Joer ass de Saül Birnbaum vu sengen Eltere getrennt ginn.
Hannert de Kulisse vu "Le Chemin du Bonheur"
Wéi de Saül Birnbaum den Holocaust-Trauma iwwerwënnt, dorëms geet et am Film “Le Chemin du Bonheur”, deen op enger reeller Geschicht baséiert.

Säi Papp war am KZ a seng Mamm huet hien mat engem sougenannte “Kindertransport” vu Wien op Bréissel geschéckt – fir hie virum Holocaust ze retten. Wéi de Saül dësen Trauma iwwerwënnt, dorëms geet et am Film “Le Chemin du Bonheur”, deen op enger reeller Geschicht baséiert. Um Mëttwoch ass de Film an de Lëtzebuerger Kinoen ugelaf.

“Le Chemin du Bonheur” erzielt d’Geschicht vum Saül Birnbaum. E Mann, dee sech an der Belsch en neit Liewen opgebaut huet, nodeems hien als e sougenannten “Enfant caché” opgewuess ass, dat dem Holocaust sou just entkomme konnt. A sengem Café, wou sech alles ronderëm Filmer dréint, decidéiert de Saül säin eegent Liewe nverfilmen ze loossen. “Mir wollten déi Geschicht erzielen duerch d’Souvenire vun engem Saül Birnbaum, an duerch de Film am Film”, erkläert de Produzent a Realisateur Nicolas Steil vun Iris Productions.

Dem Saül Birnbaum seng Geschicht ass eigentlech déi vum Henri Roanne-Rosenblatt. Hien ass Zäitzeien a souz 1939 selwer an engem “Kindertransport”. Zu Bréissel huet eng jüddesch Famill hien opgeholl, an dunn eng belsch Fra déi hie verstoppt huet virun den Nazien. Seng Erënnerungen huet hien am Buch “Le Cinéma de Saül Birnbaum” verschafft, wat spéider d’Basis vum Dréibuch ginn ass. De Henri Rosenblatt, dee selwer aus dem Filmberäich kënnt, war als Co-Zeenarist bei der Produktioun dobäi. Mam Nicolas Steil verbënnt hien eng jorelaang Frëndschaft.

Nicolas Steil: “Et war ganz speziell an deem Sënn, dass hie vun Ufank un dobäi war an hie wollt all Dag beim Tournage dobäi sinn. Wann ee sou een Trauma huet ... hie war nach net fäerdeg mat senger Heelung. Wärend dem Dréi, an der Zeen vum Zuch, deen Dag huet hie gesot, ‘ech hu lo verstanen, wéi vill Léift meng Mamm gebraucht huet, fir mech kënnen an deen Zuch ze setzen’. An dat huet all déi Jore gedauert. De Mann ass lo 90 Joer al.”

Gefilmt gouf zu Lëtzebuerg an an der Belsch an dat matzen an der Pandemie, wat d’Saach natierlech net méi einfach gemaach huet. Et huet ee sech un déi jeeweileg sanitär Mesurë missen upassen, wat besonnesch Zeene mat ville Statiste méi komplizéiert gemaach huet. De 17. September 2020 kënnt op eemol d’Schock-Noriicht. Positiv PCR-Tester deiten op e Cluster hin. D’Santé ordonéiert e Produktiouns-Stopp. Réischt méi spéit stellt sech eraus, dass et falsch positiv Tester waren, e Feeler vum Labo.

Nicolas Steil: “Méi wéi 500 Leit si gestoppt ginn, well d’Famille komme jo dobäi. Jidderee war a Quarantän. Mir hate 4-5 Deeg verluer, Dekore verluer. Mir haten en 350.000€ déckt Lach.”

Mat hire Salairen hu se dat Lach gefëllt, erzielt den Nicolas Steil. Trotz all de Schwieregkeete wier ee frou gewiescht, iwwerhaapt filmen ze kënnen an enger Zäit, déi fir ganz vill Leit mat Leed verbonne war. Dass een negativ Situatiounen an eppes Guddes dréine kann, dorëms geet et och am Film. “Le Chemin du Bonheur” ass eng dramatesch Komedie mat enger décker Portioun Romantik. A mat engem wichtege Message hannendrun:

Et sollt een nimools opginn.

Back to Top
CIM LOGO