"Onsiichtbar" Fraen an der WeltgeschichtInterview mat der Literatur-Professorin Cristina Oñoro

RTL Lëtzebuerg
D'Cristina Oñoro wëll an hirem neie Buch e Bléck op déi "aner" Weltgeschicht geheien, an der Fraen déi Plaz anhuelen, déi hinnen zousteet.

2016 hat e bekannte spuenesche Verlag eng Serie mat Sammelfigure vu groussen historesche Perséinlechkeete lancéiert. Bei all Sammelfigur sollt en Heft dobäileien, an deem ee méi iwwer dës Perséinlechkeet konnt gewuer ginn. Marco Polo, Leonardo Da Vinci, Mozart, awer och Personnagen ouni Numm déi stellvertriedend fir e ganze Grupp sollte stoen, Jeeër aus der Steenzäit zum Beispill. Eng 60 Sammelfigure sollten et ginn.

Wéi vill Fraen waren dobäi? Keng eng.

D’Opreegung war grouss an de Verlag huet d’Serie doropshin zeréckgezunn. Mä d’Fro bleift: Firwat ginn d’Fraen an der Weltgeschicht esou dacks iwwersinn? Déi Fro huet sech och d’Cristina Oñoro Otero gestallt.
Si ass Professorin fir Literatur-Theorie a vergläichend Literatur un der Universidad Complutense de Madrid an huet e Buch geschriwwen mam Titel “Las que faltaban - una historia del mundo diferente” (“Déi déi gefeelt hunn - eng aner Weltgeschicht”) an dem si d’Geschicht vun 13 Fraen erzielt, déi aus der Weltgeschicht net ewechzedenken sinn, déi awer net ëmmer genuch gewierdegt ginn. Kleopatra, Jeanne d’Arc, Marie Curie, Simone Weil oder Malala Yousafzai, dat sinn nëmmen e puer vun de Fraen, déi si an hirem Buch virstellt. Leider ass d’Buch bis elo nach net iwwersat ginn, dat dierft awer just eng Fro vun der Zäit sinn.

D’Cristina Oñoro war viru kuerzem zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si um Salon du Livre hiert Buch virgestallt huet an op e puer Froe geäntwert huet.

© Taurus

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir dëse Buchprojet iwwer Fraen an der Weltgeschicht?

Den 8. Mäerz 2018 gouf et um Campus vun der Universidad Complutense de Madrid, wou ech schaffen, eng Manifestatioun. Et ware vill Studentinnen, Professorinnen do, grad esou wéi Fraen, déi an anere Beräicher vun der Uni geschafft hunn. Eng vu menge Studentinnen hat e Schëld op dem dropstoung: “A mengem Literatur-Textbuch si keng Texter vu Fraen dran”. Ech wollt e Buch schreiwen, an dem een d’Wierk vun de Fraen kéint entdecken.

Den 8. Mäerz 2018 gëtt als en historeschen Dag ugesinn. Firwat?

Op dem Dag hunn a Spuenien vill Fraen gestreikt a si hu massiv un de Manifestatiounen deelgeholl. Spuenien huet sech deemools am Kampf ëm d’Gläichheet tëscht Männer a Fraen an der éischter Rei placéiert. Dës Mobiliséierung war eng wichteg Etappe vun der véierter Well vum Feminismus (Umierkung: D’Geschicht vum Feminismus gëtt a “Wellen” agedeelt. Déi éischt Well vum Feminismus geet op d'19. Joerhonnert zeréck, déi véiert Well op d’Joren no 2010)

Wann een an de Geschichtsbicher keng Frae fënnt, bedeit dat, dass et se net gouf, oder dass se villäicht éischter “onsiichtbar” waren?

D’Fraen sinn d’Hallschent vun der Mënschheet. Si waren ëmmer do. Vun den Hielen an der Steenzäit bis haut, an alle Beräicher. Hire Bäitrag gouf just vun der dominanter Kultur net esou appreciéiert an dacks konnte se hir Wierker net ënnerschreiwen a krute keng Unerkennung fir hir Kreativitéit.

Wéi hutt Dir d’Fraen erausgesicht, iwwer déi Dir an Ärem Buch schreift?

Wéi ech am Virwuert vu mengem Buch schreiwen, ass et eng perséinlech Auswiel. Ech behaapten och net, dass et déi aner Weltgeschicht ass, mä eng aner Weltgeschicht. Ech hunn d’Bäiträg vu Fraen aus verschiddenen historeschen Epochen a Betruecht gezunn an och a wéi wäit een aus haiteger Siicht kann iwwer Theme schwätzen, déi haut an deene verschiddene feministesche Stréimunge wichteg sinn. Ech hunn Informatioune fonnt an ech sinn an hiert Liewen agedaucht, mä net mat Hëllef vun den offizielle Geschichtsbicher déi mir an de Schoule benotzen. Ech hunn an autobiographeschen Texter gesicht an a spezialiséierten Etuden...Ech wollt Geschichten erzielen déi ee bis elo nach net kannt huet, an dofir hunn ech missten an de Marge vun der offizieller Geschicht sichen.

Dir hutt och eng Zäitlaang zu Lëtzebuerg gelieft. Wéi hutt Dir déi Zäit erlieft an huet se op iergend eng Manéier Äert Schreiwe beaflosst?

Jo, ech hu vun 2008 bis 2017 zu Lëtzebuerg gelieft. Ech hunn deemools e Stage beim europäesche Parlament gemaach, an duerno hunn ech un der Universitéit zu Stroossbuerg geschafft, ech hunn allerdéngs weider zu Lëtzebuerg gewunnt. Et war eng wichteg Etapp a mengem Liewen. An engem méisproochege Land ze liewen, wou et ganz normal ass, Mënschen aus aller Häre Länner ze begéinen, huet e groussen Afloss op mäi Schreiwe gehat. Et huet mäi Bléck fir d’Zesummenhäng an der Welt geschäerft.

Dir sidd Professorin un der Universitéit zu Madrid. Géift Dir soen, dass dat hautdesdaags ganz normal ass?

Et fänkt un, ëmmer méi normal ze ginn, an awer ass et e Kampf deen ëmmer nach amgaangen ass. Et ginn nach manner Professorinnen an och manner Fraen a méi héije Positiounen. Ausserdeem ass gewosst, dass Fraen méi dacks méi an der Koordinatioun schaffen an dat schued hirer Karriär an der Recherche.

Wat misst sech änneren, fir dass d’Meedercher vun haut besser Zukunftschance virfannen an dass se ophalen “onsiichtbar” ze sinn?

Et ass wichteg Virbiller ze hunn, Stereotyppen ze veränneren an och d’Kultur vun de Fraen ze appreciéieren. De Feminismus betrëfft déi ganz Mënschheet, et ass eng gutt Saach fir jiddereen.

Back to Top
CIM LOGO