
No der Faillite vu Paul Thiltges Distributions huet Filmland vu Kielen e Mëttwoch matgedeelt, datt si op den 31. Juli mat hiren Aktivitéiten ophalen. Trotz artistesche Succèsen an erfollegräiche Collaboratioune kéint een am aktuelle wirtschaftlechen Ëmfeld net méi sou weiderfueren, heescht et am offizielle Schreiwes, dat e Mëttwoch public gemaach gouf.
D'Entwécklung vum Marché, den Drock aus dem Ausland a strukturell Contraintë vun de Studioen hätten de wirtschaftlechen Equiliber vun der Gesellschaft ëmmer méi fragiliséiert. Op Nofro hi krute mir erkläert, datt déi 6 Produktiounsgesellschaften, déi déi lescht 12 Joer d'Studioe geréiert hunn, net méi bereet wieren, de Risiko weider ze droen.
Filmland SA gouf 2013 gegrënnt. Et sollt eppes si wéi dat klengt "Lëtzebuerger Hollywood", fir national an international Kinosproduktiounen. Vun Tournageméiglechkeete bis Postproduktioun. Mat Studioen, Produktiounsbüroen, Raim fir Spezialeffekter an Tounstudioen. Ënnert anerem Samsa, Iris Group an Tarantula waren an de Filmstudioen aktiv.