Zanter 2018 ass de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale am sougenannten Arsenale ënnerbruecht an hei wäert dann och der Aline Bouvy hire Projet La Merde an e puer Méint ze gesi sinn. De Mudam an de Casino stellen ofwiesselnd de Curateur, bzw. d’Curatrice, déi da mam ausgewielte Kënschtler oder der Kënschtlerin e Projet ausschafft. Dëst Joer war de Casino un der Rei an am Kader vum Konschthaus sengem 30. Gebuertsdag, krut dëst ausserdeem eng Carte Blanche fir de Choix vun der Kënschtlerin gestallt. D’Curatrice Stilbé Schroeder huet doropshin d’Aline Bouvy als Vertriederin vu Lëtzebuerg erausgewielt.
„Ech si nominéiert gi fir de Casino an hat de Privileeg, mer kënnen eng Kënschtlerin erauszesichen. Ech hunn d’Aline erausgesicht, well ech schonn eng Zäit laang seng Aarbecht verfollegen a mir pfleegen och säit enger Zäitchen eng frëndschaftlech an eng professionell Relatioun. D’Vertraue war och do“
Zanter méi wéi 25 Joer ass d’Aline Bouvy als interdisziplinär Kënschtlerin aktiv, schafft haaptsächlech an hirem Atelier zu Bréissel an hat am vergaangene Joer schonn eng Solo-Ausstellung mam Titel Hot Flashes am Casino. Op genee dëser Ausstellung baséiert och de Projet fir d’Biennale. De Fokus soll dës Kéier awer op engem Film leien, e Medium, an deem d’Kënschtlerin bis ewell nach net geschafft huet.
De Film gouf am September 2025 gefilmt a soll als eng Aart Investigatioun fungéieren. En observéiert d’Aart a Weis wéi Schan als soziaalt Konstrukt am mënschleche Kierper zum Ausdrock kënnt an eis Aktioune beaflosst. De Fokus läit heibäi op sozial konstruéierte Konzepter, wéi propper a knaschteg an analyséiert den Afloss vu solchen op eist soziaalt Verhalen. Fir dat Ganzt z’illustréieren, gëtt et am Film eng weiblech Protagonistin, déi mat der Zäit d’Form vun enger Marionette, enger 2D-Animatioun oder enger ondefinéierter Präsenz unhëlt. Gemëscht gëtt dat och nach mat Archivbiller aus der Konschtgeschicht a Popkultur, fir eist kollektiivt Gediechtnes zum Ausdrock ze bréngen, esou d’Aline Bouvy.
„Wa mer Kanner sinn, ass et schonn esou, wa mer ganz kleng Kanner sinn: ‚dat ass knaschteg, net upaken‘. Wéi am Langage déi Saachen och eis fir spéider konditionéieren an eise Rapport mat aneren. Inhaltlech geet d’Iddi vum Film wierklech doriwwer.“
Mat dësem Projet well d’Kënschtlerin d’Limitte vun der Ideologie, Gewalt a Kontroll zum Ausdrock bréngen. Am Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg kritt een der Aline Bouvy hire Film an engem immersive Kader gewisen. Eng Mauer aus Spigele vu ronn 2 op 4,5 Meter, änlech wéi se an der Ausstellung Hot Flashes ze gesi war, verwandelt sech an e Kinossall, deen als Spigel tëschent de Leit am Pavillon an de Leit an der Kënschtlerin hirem Film funktionéiert. Esou verschwammen d’Grenzen tëschent der Realitéit an der Fiktioun.
Wéi de Kulturminister Eric Thill wärend der Pressekonferenz betount huet, wier d’Visibilitéit vu Lëtzebuerger Kënschtler um internationale Niveau wichteg an dat wéilt een duerch Bedeelegungen, wéi bei der Biennale zu Venedeg, ënnerstëtzen.
„Mir hunn eng ganz flott, eng interessant an och eng divers Kulturzeen hei. Ganz engagéiert, kompetent Kënschtler an et ass einfach wichteg, dass mer op der internationaler Bün present sinn, fir dass eis Kënschtler och do gesi ginn, hiert Kënnen, hiert Schafe kënne weisen a virun allem och e gewëssen Networking kënne maachen an dat ass op där enger Säit flott fir d’Kënschtler, mee natierlech och op där anerer Säit fir d’Lëtzebuerger Land an dofir ass et eng grouss Éier, eng Freed fir dann och do zu Venedeg op där Biennale dierfe present ze sinn.“
Virun zwee Joer hätt de Lëtzebuerger Pavillon ronn 200.000 Visiteure begréisst, wat knapp een Drëttel vun der Gesamtzuel u Visiteure bei der Biennale 2024 ausgemaach huet. Deemno wier d’Biennale eent vun de wichtegste Kulturevenementer, bei deene Lëtzebuerg um internationale Niveau participéiert. D’Aline Bouvy, esou de Kulturminister wier e passende Choix fir Lëtzebuerg.
„D’Aline Bouvy ass eng Kënschtlerin, déi esouwuel hei am Land um nationale Niveau, virun allem awer och um internationale Niveau, eng grouss Renommée huet. Ass zënter méi wéi 25 Joer aktiv, huet e grousse Standing och um internationale Niveau, mat eben hirer Aart a Weis, wéi se schafft, wou se ganz kritesch mat engem gewëssen Humor u gesellschaftlech Themen erugeet, wou se d’Muechtverhältnisser och a Fro stellt an ech mengen, dat sinn och grad an dëser Zäit ganz wichteg Atouten, interessant Punkten, wou een och an dësen Zäiten op dat Thema ebe kann agoen.“
D’Biennale 2026 zu Venedeg gëtt vum 9. Mee bis den 11. November ofgehalen.