Den Nicolas Bedos ass Schrëftsteller, Zeenarist a Realisateur. De Jong vum verstuerwene Franséische Komiker Guy Bedos huet mat Mascarade säi mëttlerweil 4. Dréibuch verfilmt, an deem hie säi ganz eegene Stil imposéiert.
D’Côte d’Azur ass eng Luxuskuliss, an där de wuertgewanten Zeenarist a Realisateur Nicolas Bedos eng verstréckten Intrig mat vill Pepp an enger Grëtz Melancholie erzielt. An dëser Welt, wou de Schäin Tromp ass an déi Räich ëmmer méi räich wëlle ginn, verléift sech eng jonk Gaunerin, déi den ale Männer d’Suen aus den Täsche lackelt, an e genee sou jonke Gigolo, dee vun enger verbatterter Schauspillerin ënnerhale gëtt. Zesumme plange si eng Arnaque, déi drop aus ass en Immobilienhändler finanziell ze plëmmen. Ma an dëser Welt, wou alles nëmmen eng glitzernd Fassad ass, ka keen deem aneren iwwert de Wee trauen.
Keen ass onschëlleg an dësem Maskespill vum Nicolas Bedos, dee sichtlech Freed drun huet, dës antipathesch, zynesch an deels grausam Personnagen an Zeen ze setzen. Hannert engem ganz stiliséiertem Bild, dat un de klasseschen Hollywood-Glamour erënnert, verstoppt sech eng Intrig, déi méi melancholesch wéi spannend ass. De “wéi”, “wat” a “wou” vun der Geschicht ass net dat, wat an dësem zwou Stonnen a 15 Minutte laangen, fir net ze soen ze laangem Film, ervirstiecht. Et sinn d’Schauspiller ëm d’Marine Vacth, de Pierre Niney an d’Isabelle Adjani, déi hei dem Nicolas Bedos senge präzisen Dialogen eng attraktiv a verspillten Dimensioun ginn. Tëschent der Komedie an dem Melodrama ass Mascarade awer virun allem ënnerhalende Kino, deen um ästhetesche Plang der grousser Leinwand méi wéi gerecht gëtt.