No Brand zu Crans-Montana mat 41 DoudegenSchwäizer Parquet huet Koproprietärin weider Kéier ugeklot

RTL mat AFP
No der Brandkatastroph zu Crans-Montana an der Schwäiz mat 41 Doudegen huet de Parquet eng weider Uklo erhuewen.
D'Proprietäre vum Bar Jacques Moretti (L) a Jessica Moretti (R) virum Verhéier e Freideg.
D'Proprietäre vum Bar Jacques Moretti (L) a Jessica Moretti (R) virum Verhéier e Freideg.
© FABRICE COFFRINI/AFP

Nom schlëmme Feier an engem Bar am Schwäizer Crans-Montana, bei deem 41 Leit ëm d'Liewe komm sinn, huet de Parquet d'Koproprietärin Jessica Moretti vum Bar nach eng Kéier ugeklot. Hir gëtt elo nach zousätzlech Dokumentefälschung reprochéiert. Si war e Freideg zesumme mat hirem Mann nach eng Kéier stonnelaang verhéiert ginn. Konkret gëtt hir reprochéiert, eng Rechnung fir Schaumstoff manipuléiert ze hunn, wéi d'Lokal 2015 ëmgebaut ginn ass.

An der Silvesternuecht 2025 war am Bar "Le Constellation" zu Crans-Montana e Brand ausgebrach. 41 Leit waren ëm d'Liewe komm, 115 weider Persoune waren deels ganz uerg blesséiert ginn. Als Ursaach fir de Brand ginn d'Ermëttler jo dovun aus, datt d'Feier duerch Späizmännercher ausgeléist gouf, déi u Schampesfläsche festgemaach waren an ze no un de Plaffong koumen. Dëse war wuel mat deem Schaumstoff verkleet, ëm deen et elo an der Rechnung geet, déi vun den Enquêteuren an d'Viséiere geholl gouf.

Hiren Affekot betount, et géif keen Zesummenhang dovu mat deem ginn, wat an der Silvesternuecht geschitt ass. D'Rechnung hätt "strikt keen Zesummenhang mat der Tragedie vu Crans-Montana" gehat, sou den Affekot.

Wéinst der Tragedie lafe géint d'Koppel Moretti schonn Ermëttlunge wéinst dem Verdacht op "Homicide involontaire", "Blessures involontaire" an "Incendie par négligence". Och géint weider presuméiert Responsabel lafen Ermëttlungen: Esou hat d'Gemeng schonn zouginn, datt et zanter 2019 keng Brandschutzkontrollen am Bar gouf - obwuel dës all Joer virgeschriwwe sinn.


Liest heizou och:

Back to Top
CIM LOGO