KI-generéiert MusekMéi wéi just eng technesch Spillerei?

Chris Meisch
Dës Woch war um Weltwirtschaftsforum zu Davos kënschtlech Intelligenz ee vun den zentrale Sujeten. Diskutéiert gouf net nëmmen iwwer den Asaz vu KI an der Industrie oder an der Finanzwelt, mee och iwwer déi ëmmer méi grouss Roll an de kreative Beräicher. Ee Beispill: KI-generéiert Musek.
Tëscht kënschtlech generéierter Musek a Musek vu Mënschen ze ënnerscheeden, wäert an Zukunft ëmmer méi schwéier ginn.

© WLADIMIR BULGAR/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

Kreativitéit ass net méi exklusiv dem Mënsch virbehalen. Déi kënschtlech Intelligenz, kann hautzedaags op Basis vu groussen Datevolume Musek komponéieren, Texter schreiwen oder Biller generéieren, déi fir vill Mënschen net méi zouverlässeg vu mënschleche Wierker z’ënnerscheede sinn.

KI-generéiert Musek / Reportage: Chris Meisch

Aus wëssenschaftlecher Siicht ass dës Form vu Kreativitéit awer anescht ze verstoen. De Luis Leiva, Fuerscher am AI Lab vun der Uni Lëtzebuerg betount, datt dës Systemer Musek net am kulturellen oder emotionale Sënn verstinn. Si schaffe mat statistesche Modeller, déi Warscheinlechkeete berechnen. Kreativitéit entsteet dobäi net aus dem Näischt, mee duerch d’Kombinatioun vun de geléierte Musteren.

“Fréier waren d’Outilen, an d’Technik, déi mir haten, net esou professionell, net esou realistesch. An elo schreift een einfach an engem Textfeld, wat ee vun der KI gär hätt, dréckt dann op e Knäppchen, an duerno kritt een eppes eraus. Wéi dir gesitt, mécht dat et fir de Benotzer immens einfach, sou datt jiddereen dat maache kann”, erkläert de Luis Leiva.

Wéi grouss den Impakt vu KI-generéierter Musek mëttlerweil ass, weist e Beispill aus den USA. De Song “Walk My Walk” stoung dräi Wochen un der Spëtzt vun de Billboard-Charts an huet domat Museksgeschicht geschriwwen. Et war den éischte KI-generéierte Song, deen eng Nummer-1-Plaz an dësen Charts erreecht huet. Beim Lauschtere fält den techneschen Ursprong net direkt op: Stëmm, Instrumenter an d’Songstruktur entspriechen de gängege Mustere vun zäitgenëssescher Country-Musek.

Kënschtlech Musek muss a wäert och an Zukunft kloer an transparent gekennzeechent ginn, seet de Francesco Ferrero, Responsabele fir d’Recherche iwwer kënschtlech Intelligenz beim LIST, dem Institut fir Science an Technologie.

“Ca, heureusement en Europe, il y a une régulation de l‘intelligence artificielle qui s’apelle ‘L’AI Act’, qui va imposer à partir du mois d’aout 2026 de devoir toujours identifier les contenues qui sont générés par l’IA.”

Selwer tëscht kënschtlech generéierter Musek a Musek vu Mënschen ze ënnerscheeden, ass immens schwéier, seet de Francesco Ferrero, an an noer Zukunft wäert et quasi onméiglech ginn, well sech d’Technologie vun Dag zu Dag verbessert. Dat gëtt och duerch Ëmfroen ënnerstrach. Eng Ipsos-Etude, déi am Hierscht an 8 verschiddene Länner op der Welt gemaach gouf weist, datt 97 Prozent vun den 9.000 Befroten net ënnerscheede kënnen, ob e Lidd vu Mënschen oder enger KI produzéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO