LuxFilmFest 2021 - 5. Blog vum Joy Hoffmann"Neen! an der Kompetitioun vum Festival ware keng schlecht Filmer"

Joy Hoffmann
Neen! Et si net "e puer ganz schlecht Filmer" an der Kompetitioun vum Luxfilmfest. Au contraire.

Dës Bewäertung vun der Jury-Presidentin vum Festival , Sandrine Bonnaire, trëfft net emol op di Lëtzebuergesch Selektioun zou, obschonns mer do keng gutt Filmer gesinn hunn.

An dozou gehéiert och leider LIVING WITNESSES vum Karolina Markievicz a Pascal Piron. Dass et wichteg ass, d’Erënnerung un den Holocaust lieweg ze halen, besonnesch bei jonke Generatiounen, ass evident. Grad esou wichteg ass et drop hinzeweisen, dass leider d’Geschicht sech ëmmer erëm widderhëlt, an dass net vill doraus geléiert gouf. D’Iddi fir Jugendlecher vun haut, déi och Krichsnout an Ausgrenzung erlieft hunn, mat der Geschicht vum Holocaust ze confrontéieren ass och absolut sënnvoll. Leider verléiert de Film sech zum groussen Deel an enger laangootmeg an ganz ästhetesch gefilmter Sightseeing Tour vun Erënnerungs-Denkmaler duerch Polen, vun Auschwitz, iwwer Warschau a Lodz bis op Berlin. Di eenzel Liewensgeschichten vun den dräi Jugendlechen kommen dobäi ze kuerz, gi just faktuell erwäänt, quasi als Beweiser derfir, dass et haut nach ëmmer Änleches gëtt. (De Film mécht awer ganz kloer, dass näischt mat der Shoah vergläichbar ass.) Just eng excellent Zeen am Film, am Kontext vun enger nationalistescher Manifestatioun zu Warschau, wou di Jugendlech Haass ze spiere kréien, gëtt den Ambitiounen vum Film gerecht, de jugendleche Spectateur betraff ze maachen, esou dass en d’Relatioun tëschent fréier an haut kann novollzéien.

Oder wat war soss d’Intentioun vum Film?

Zeréck bei di zwee lescht Filmer an der Kompetitioun. Als Kand gesi mer d’Mona bestrooft, am Keller setzen. Spéider, nodeems hir Mamm gestuerwen ass, acceptéiert se als feint Meedchen di nei Stéifmamm, ënnert deenen hiren depressiven Ufäll se ze leiden huet. An hirem spéidere Beruffsliewen als Dramaturgin ass d’Mona egozentresche Männer ausgesat an zum Schluss begleet se hire Papp, deen hir e lescht Familljegeheimnis verréit, an den Doud. E gudden a passive Mënsch ass normalerweis Gëft am Kino. Net esou, am präzis observéierten a magistral gespillten BECOMING MONA vum Sabine Lubbe Bakker a Niels Van Koevorden. D’Blécker vum Mona soen alles, och wann si méi oder wéineger alles iwwer sech ergoe léisst. Si versteet genau wat ronderëm vir sech geet, behält d’Kontroll a bleift och ëmmer mënschlech. De Spectateur identifizéiert sech dann och mat hir als e staarke, luciden an empathesche Personnage, deen d’Schwächte vun hirer toxescher Ëmwelt entlarvt. D’Mona ass paradoxerweis eng staark Fra, net onänlech de Protagonistinnen am japanesche Film “Aristocrats”. Béid Filmer ziele fir ons zu de Beschten an der Kompetitioun.

Als leschte Film an der Kompetitioun, hu mer de mexikanesche LOS LOBOS vum Samuel Kishi gesinn. Et ass e ganz sensibele Portrait vun zwee klenge Bouwen, di quasi confinéiert an engem Appartement liewen a waarden, dass hir Mamm Owes vun der Aarbecht heem kënnt. Si si vu Mexiko an d’USA ausgewandert, liewen elo mat aneren Emigranten an engem äermleche Quartier vun Albuquerque an dreeme vun Disneyland. Di zwee Bouwe stralen eng ustiechend Natierlechkeet aus, an trotzdeem kommen engem als Spectateur hir Deeg laang vir. De Film evitéiert all Form vu Miserabilismus, verbreet dann awer no an no e wuel touchanten, awer e bësse naiven Message vu Resilienz a Solidaritéit. E krut och deementspriechend d’lescht Joer op der Berlinale de Präis fir de beschte Kannerfilm an der Sektioun GenerationKplus. “Los Lobos” ass e ganz schéinen a gelongene Film, deen ons awer nëmme mëttelméisseg interesséiert huet, zemools mer di ganzen Zäit, deen änlech gelagerten Film “The Florida Project " (Sean Baker, 2017) am Kapp haten. Et ass awer sécher kee schlechte Film, a léisst sech absolut an der Selektioun vum Festival verdeedegen.

An dat féiert ons zu der erstaunlecher Remark vun der Presidentin vum Jury vum Festival, der franséischer Actrice Sandrine Bonnaire.

An engem Wort-Interview seet si iwwert d’Kompetitioun “Certains films sont très mauvais....”.

Neen! an der Kompetitioun vum Festival ware keng schlecht Filmer, a schonns guer keng GANZ schlecht Filmer. Zwar hunn ons “Air Conditioner” a besonnesch “Careless Crime” extrem genervt, a mer hätten se ni a nimmer selektionéiert. Dass dës Filmer awer eendäiteg Qualitéiten hunn, ass grad esou kloer, wéi dass mer verstinn, dass engem z.B. de Film “Assandira” ka mëssfalen, dee mer héichinteressant fonnt hunn,an deen ons extrem gutt gefall huet.

Filmkritik bleift nun eeben e Balanceakt tëschent perséinlechem Empfannen a méi oder wéineger objektiven artistesche Krittären

Back to Top
CIM LOGO