
“Von Wunden und Wundern”, esou heescht déi nei Theaterproduktioun vum Kaleidoskop-Theater. Am Stéck geet et ëm eng jonk Koppel, déi dréngend e klengt oder grousst Wonner brauch. Alle béid hunn e Bagage, Wënsch a Biographien di, wéi et schéngt, net matenee kompatibel sinn. D’Protagonistin, déi am Theaterstéck "Sie" genannt gëtt, gëtt an hirem Alldag vun Angscht begleet. Si fäert alles, wat ausserhalb vun hirer 50 m2-Wunneng op si waart: De Kaméidi, de Verkéier an all Aart vun tëschemënschlecher Interaktioun a sozialem Kontakt. An de Protagonist, deen "Er" genannt gëtt, dreemt vun engem zweete Kand, fir dat hien dann och wierklech d’Verantwortung wëll iwwerhuelen. Di eenzeg Verbindung, déi si zur Aussewelt hunn, ass d’Waarden op den Telekomtechniker, den Amazonpak virun der Dier an hirem Rendez-vous mam Osteopath, ee mol de Mount. Ma och Rollespiller gehéieren zu hiren Aktivitéiten, fir aus hirem langweilegen Alldag erauszekommen an neie Wand an hir Bezéiung ze bréngen. Wéi sech d’Situatioun bei der Koppel zouspëtzt an eigentlech alles verluer schéngt, daucht aus dem Näischt d’Frau Hunzen op. D’Frau Hunzen ass eng staatlech gepréiften "Wiedergutachterin" a si ass zoustänneg fir eng gewëssenhaft Préiwung an Zertifizéierung vun Wonnererscheinungen. Wou virdrun en aussiichtslose Konflikt war, wiisst bemol erëm en Hoffnungsschimmer, datt hir Bezéiung vläicht awer eng Daseinsberechtegung huet.

Den Text ass vun der däitsch-algerescher Autrice Sarah Kilter, déi 2020 zur däitschen Nowuessdramaturgin vum Joer ausgezeechent ginn ass. Theaterstéck "Von Wunden und Wundern" huet e bëssegen Humor a kuckt pointéiert op d’Onglécklechsinn vun der Koppel. Inzenéiert gëtt Theaterstéck vum Sara Goerres a gespillt gëtt vum Rosalie Maes, Dominik Raneburger an Brigitte Urhausen.
D’Première vun «Von Wunden und Wundern» ass de 9. Mee am KulTourhaus zu Hunchereng a gëtt dann duerno nach fënnef mol gespillt, den 10., 19., 20., 21., an 22. Mee.
