
Op Besuch am Grand Egyptian Museum zu Kairo
Et ass Geschichtsmusée, deen alles an de Schied stelle soll, wat ee bis dato kannt huet. Iwwer 15.000 Visiteure pro Dag sinn do, no bei de Pyramide vu Gizeh, op Besuch.
Gigantesch, dee Grand Egyptian Museum zu Gizeh, engem Staddeel vu Kairo. Dat am Sënn vum Wuert. Tëscht dem Plangen an der Inauguratioun leien iwwer 20 Joer, iwwer 1.500 Iddie vun Architektebüroen aus 82 Länner. An den Architekt Shihi-Fu-Peng, zu Dublin an Irland doheem, sollt de Concours um Enn fir sech entscheeden.
Op enger Fläch duebel esou grouss wéi de Louvre zu Paräis ass et mat 81.000 Metercarré Expo dee gréissten archeologesche Musée vun der Welt. Aus allen Häre Länner komme si elo op Kairo gereest, fir de Grand Egpytian Museum hautno ze erliewen.
De Musée stoung allerdéngs och fir den exorbitanten Invest vun enger Milliard Dollar an der Kritik. Mee e weess ze begeeschteren, an och net agefleeschte Pharaonen-, Sphinx-, Ramses- an Tutanchamun-Enthusiasten zitt de risege Musée a säi Bann.
Zäit soll ee matbrénge fir den Hanging Obelisk, d’Grand Hall mam Ramses II, d’Grand stairs, d’Tutanchamun Galleries and Treasure, den Temple Garden an de Nil Valley Park op sech awierken ze loossen an ze staunen.
Archeologesch Decouvertë vun onschätzbarem Wäert, déi ee viru sech huet. Op Interaktivitéit gëtt an der Mixed Reality Hall gesat. Mam 3D-Brëll kann een esou da “live” bei Ausgruewungen a Restauratiounen dobäi sinn. Immersiv Technologie, déi Geschicht zum Liewen erwächt. Och interessant, fir d‘Kanner ze begeeschteren.
Impressionnant dann de Musée am Musée. Dat mam King Khufu Boat Museum, an deem een en Abléck kritt an d’handwierklecht Geschéck vun de Nubier an Ägypter als Bootsbauer. Zwou kinneklech Barquë vun 42 Meter Längt, déi vun 2.500 viru Christus datéieren, goufen 1954 fräigeluecht, restauréiert an elo an de Grand Egyptian Museum integréiert.
D’Pyramide vu Gizeh, op déi een zwar eng wonnerbar Vue huet, gehéieren net zur Visitt. Déi kuckt ee sech dann am beschten den Dag drop un, well een Dag geet knapps duer fir an d’Welt vun der ägyptescher Mythologie anzedauchen, a méi antik Schätz gëtt et néirewou op der Welt op enger Plaz ze bewonneren.
Enger eenzeger Zivilisatioun dediéiert, der ägyptescher, a niewebäi och vun der Architektur eng Hommage un d’Ingenieurskonscht an dat kulturellt Ierwe vun Ägypten.