E Genoss fir d'OuerOPL, Jazz-Sängerin Shiho a Gast Waltzing zesummen an der Philharmonie

RTL Lëtzebuerg
De Gast Waltzing sicht ëmmer rëm Bekanntes aus der Musekszeen, an een anert Liicht ze setzen.
OPL, Jazz-Sängerin Shiho a Gast Waltzing an der Philharmonie
Déi lescht Woch ass den Orchestre Philharmonique du Luxembourg zesumme mat der Jazz-Sängerin Shiho an dem Gast Waltzing an der Philharmonie opgetrueden.

De Lëtzebuerger Museker Gast Waltzing ass national an international bekannt. 2016 huet hien e Grammy Award kritt. De Gast Waltzing schafft reegelméisseg mam OPL zesummen. Déi lescht Woch ass den Orchestre Philharmonique du Luxembourg zesumme mat der japanescher Jazz-Sängerin Shiho an dem Gast Waltzing an der Philharmonie opgetrueden.

Jazzmusek héiert een traditionell a klengen Ensembelen: 3, 4, 5 Museker. Wann een déi selwecht Musek versicht, mat engem groussen Orchester erëmzeginn, ergi sech nei Klangwelten.

Déi japanesch Jazz-Sängerin Shiho ass an der internationaler Jazzzeen keng Onbekannten. Zënter 2016 schafft si geleeëntlech mam Gast Waltzing zesummen. An d’Resultat dervun ass ee Genoss fir d’Ouer.

Back to Top
CIM LOGO