
Ressourcen, déi op der Äerd feelen, an de Weltall siche goen? Wat viru Joren nach als Science-Fiction gegëllt huet, ass mëttlerweil e seriöt Thema. De Grand-Duché gehéiert dobäi zu de Länner, déi sech besonnesch staark mam Thema Space Mining beschäftegen.
Ambitiounen, déi dem d’Francelle Cane an dem Marija Maric, Curatricë vum Lëtzebuerger Pavillon op der Architektur-Biennal zu Venedeg, als Inspiratioun gedéngt hunn. Méi genau sinn et sougenannte lunar laboratories, deenen de Pavillon säin Ausgesinn ze verdanken huet. Dës naturgetrei Modeller vu Moundlandschaften denge verschiddensten Entreprisen als Trainingsplaz, fir Approchen am Space Mining auszetesten.

Fir déi zwee Architektinnen an Wëssenschaftlerinnen ass Space Mining den Ausdrock vun enger Obsessioun mam Wuesstem, déi eis Gesellschaft charakteriséiert an esou staark ausser Kontroll geroden ass, datt se elo d’Grenze vun eisem Planéite gesprengt huet. Et geet hinnen also dorëms, eisen Ëmgang mat Ressourcë grad wéi eise Wuesstemszwang ze hannerfroen.
D’Architektur-Biennal zu Venedeg ass vum 20. Mee bis de 26. November 2023