Am Kapuzinertheater"The Land We Shared" vum Larisa Faber

Valentine Patry
Isabelle Gillen
An hirem neisten Theaterstéck erzielt d'Larisa Faber vum kommunistesche Regimm, esou wéi si dësen als Kand selwer erlieft huet.
"The Land We Shared"
Déi nei Theaterproduktioun vun der Lëtzebuerger Auteurin, Schauspillerin a Regisseurin Larisa Faber

Zanter dem November zejoert ass d'Lëtzebuergerin Larisa Faber mat de Prouwe fir hiert aktuellt Stéck "The Land We Shared" am Kapuzinertheater amgaangen. Et ass en deels autobiografescht Theaterstéck iwwert Emotiounen, historesch Evenementer a Familljeverhältnisser, wéi si se selwer erlieft huet.

Wärend bal dräi Woche ass d’Larisa Faber, Auteurin, Theaterregisseurin a Gewënnerin vum Lëtzebuerger Theaterpräis, all Moien an de Kapuzinertheater gefuer. Hei huet si zesumme mat hirer Ekipp un hirer neister Kreatioun geschafft: D‘Theaterstéck "The Land We Shared", op Lëtzebuergesch: "D’Land, wat mir ons gedeelt hunn".

Et ass eng Produktioun, déi am vergaangene Joer och schonn op enger Affiche virum Theater ze gesi war. D'Proufzäit am Ufank war eng entscheedend Etapp an der Produktioun vun dësem Theaterstéck, wat vum 7. Mee un op der Bün ze gesinn ass. Et ass eng ganz perséinlech Geschicht, déi sech vun Dag zu Dag a Stéck fir Stéck am Proufsall entwéckelt huet.

Originnen am kommunistesche Rumänien

D'Larisa Faber ass zu Lëtzebuerg opgewuess, gouf awer 1986 a Rumänien gebuer. An hirem Theaterstéck erzielt si vum kommunistesche Regimm, esou wéi si dësen als Kand selwer erlieft huet. Et geet ëm eng Grupp vu Fraen, den Exil zu Lëtzebuerg an en neit Liewen tëschent zwou Kulturen a Familljenerënnerungen. Et ass eng intim an awer och universell Erzielung, voller Humor a staarken Emotiounen, déi sech wärend de Prouwe vum Pabeier geléist huet fir op der Bün Form unzehuelen. D'Theaterstéck spigelt der Larisa Faber hir perséinlech Geschicht erëm, ma d'Regisseurin huet sech awer verschidde Fräiheete geholl an e puer Detailer ugepasst, fir op der Bün nach méi eng staark Geschicht ze erzielen. Deemno ass et eng fiktionaliséiert Versioun vun der Realitéit. Vun Ufank un huet si sech beim Schreiwen an der zeenescher Ëmsetzung vun der Brittin Shamira Turner ënnerstëtze gelooss, fir der autobiografescher Geschicht déi néideg Wierkung ze ginn.

D'Larisa Faber huet hiert Wierk op Englesch geschriwwen. Si ass polyglott, schwätzt fënnef Sproochen a jongléiert tëscht dësen, fir mat de Leit aus hirer Ekipp, déi zum Deel aus Groussbritannien, Lëtzebuerg, der Ukrain, Moldawien oder Rumänien kommen, ze kommunizéieren. Si huet zu London Theaterwëssenschafte studéiert. Hir neiste Kreatioun ass dat siwent Theaterstéck, wat si geschriwwen huet. Ob Schauspillerin, Regisseurin vu Kuerzfilmer, oder Auteurin, d'Larisa Faber spréngt gär tëscht verschiddene Rollen, Sproochen oder Formater hin an hier. Si schreift normalerweis op Englesch a fir den Theater, ma och Disserten a Kuerzgeschichten. Och Chronike fir déi brittesch Zeitung "The Guardian" huet si scho publizéiert.

D'Larisa Faber ass nach bis 2027 Kënschtlerin am Neimënster. De Lëtzebuerger Kulturzenter ënnerstëtzt hir kreativ Aarbecht, andeems en an Zäit vun dräi Joer zwee Theaterstécker co-produzéiert an hir e Raum am Haus bitt, an deem si schaffe kann. Et ass do, wou mir si viru gutt zwee Joer gefilmt hunn, wéi si um Text fir hir neiste Kreatioun "The Land We Shared" geschafft huet. Et ass d'Schauspillerin Kristin Winters, där d'Larisa, déi och Schauspillerin ass, hir eege Roll uvertraut, déi vum jonke Larisa, als Kand, a spéider als Jugendlech tëschent Rumänien a Lëtzebuerg. Dat fir déi néideg Distanz zu hirer ganz perséinlecher Geschicht ze halen.

Wärend de Prouwen am November ier hir neisten Theaterkreatioun offiziell presentéiert gëtt, gouf eng oppe Prouf organiséiert. Dës Virstellung am Krees vu Famill, Frënn a Professionellen aus der Kulturzeen huet der Larisa Faber en éischte Feedback ginn. Doropshi konnt si nach Upassunge maachen. Am Fréijoer hu mir d'Larisa Faber am Kapuzinertheater erëm getraff, wou nach eng Kéier wärend fënnef Woche geprouft gouf, ier d'Theaterstéck de 7. Mee seng Première feiert. Am grousse Sall vum Theater sinn eng éischte Kéier d'Luuchten, d'Bünebild an d'Kostümer zesummekomm, fir "The Land We Shared" esou ze prouwen, wéi et och herno fir de Public wäert ausgesinn. Et ass deen éischten entscheedende Moment, an deem ee mierkt, ob déi Iddien, un deenen een zanter zwee Joer schafft, och op der Bün funktionéieren. Net nëmmen dem Larisa, ma och deenen dräi Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi wärend ronn annerhallwer Stonn op der Bün performen, verlaangt d'Produktioun vun "The Land We Shared" vill of. Ier d'Theaterstéck kann opgefouert ginn, muss nach un e puer Detailer geschafft ginn. Den Toun gëtt ugepasst an d'Luuchte ginn op déi richteg Positiounen a Faarwen agestallt. Et ass e laange Wee, deen elo geschwënn am Kapuzinertheater op en Enn kënnt.

"The Land We Shared" ass e Projet vun enger Lëtzebuergerin mat Wuerzelen a Rumänien, déi mat enger multikultureller Ekipp schafft, déi d'rumänesch Revolutioun zum Deel selwer erlieft huet, oder aus anere Länner, wéi der Ukrain kënnt an der Larisa hir Geschicht op eng eege Manéier novollzéie kann. Vum 7. bis den 19. Mee kann een d'Theaterstéck am Kapuzinertheater gesinn.

Back to Top
CIM LOGO