
Um rouden Teppech vum Metropolitan Museum of Art zu New York hu sech um Méindeg Owend nees déi bekanntste Perséinlechkeete gewisen – dat mat Outfits, déi net méi opfälleg hätte kéinte sinn. Dëst Joer stoung déi bekannte Met-Gala ënnert dem Motto "Moud ass Konscht".
D'Erëffnung vum traditionelle Benefizbal hunn d'Tennisspillerin Venus Williams an d'Schauspillerin Nicole Kidman iwwerholl. D'Beyoncé war no iwwer zéng Joer nees mat dobäi an huet direkt mat engem Kleed voll mat Bijouen, engem Fiedermantel an engem opfällege Kappschmuck d'Opmierksamkeet op sech gezunn.
Fir Gespréicher huet och den Optrëtt vum Bad Bunny gesuergt, dee sech an engem Kostüm mat Protheesen an enger wäisser Perréck als ale Mann presentéiert huet. Ma hie war net deen eenzege Museker, deen um rouden Teppech ze gesi war, och d'Madonna, d'Cher, d'Rihanna an den Asap Rocky hu sech vun hirer beschter Säit gewisen.
Natierlech léisst sech och d'Moudewelt et net huelen, bei der Mat-Gala grouss opzetrieden. Designer wéi d'Donatella Versace, den Tom Ford, d'Stella McCartney, den Anthony Vaccarello an den Haider Ackermann hu mat hiren Outfitten d'Moud an d'Konscht zelebréiert.
Och aus dem Sport war Prominenz do, ënnert anerem d'US-chineesesch Schifuererin Eileen Gu, déi e Kleed mat agebauter Maschinn fir Seefeblosen un hat.
Fir eng weider Iwwerraschung huet d'Schauspillerin Blake Lively gesuergt. Si ass just e puer Stonnen, nodeems si sech am Rechtssträit mam Schauspiller Justin Baldoni eens ginn ass, iwwer de rouden Teppech getrëppelt. D'Lively hat dem Baldoni sexuell Belästegung bei den Dréiaarbechte vum Film "It Ends with Us" virgeworf – e Sträit, deen Hollywood zanter Méint an Otem gehalen huet.
Opreegung gouf et am Virfeld vun der Gala, wéi annoncéiert gouf, datt den Jeff Bezos a seng Fra Lauren Sanchez Bezos géingen d'Editioun 2026 sponseren. Gläichzäiteg gouf mat der Gala d'Erëffnung vun der Ausstellung "Costume Art" am Metropolitan Museum gefeiert.
D'Met-Gala fënnt traditionell all Joer den éischte Méindeg am Mee statt an ënnerstëtzt mat de Recetten d'Moudesektioun vum Musée. Iwwer Joerzéngte war d'Gala en exklusiivt Treffe vun der New Yorker High Society. Zënter datt d'Vogue-Chefredactrice Anna Wintour an den 1990er d'Organisatioun iwwerholl huet, huet d'Met-Gala sech zu engem vun de wichtegste Rendez-vousen vun der Moudewelt entwéckelt.