Filmsecteur a Gespréicher mam Ministère"Et gëtt u ville Chantiere geschafft!"

Claudia Kollwelter
Zanter Ufank vum Joer ass de Filmsecteur a Gespréicher mam Kulturministère, mam Filmfong an awer och aneren Associatiounen an Organisatiounen. D'Annonce vum Filmland zu Kielen war e Méindeg am Nomëtteg ee vun de Sujeten.
© RTL

Konkret Léisunge sinn awer nach net sprochräif.

"Et si vill Chantieren, un deene muss geschafft ginn, mee d'Gespréicher lafen!" Dat sot de Filmrealisateur a Produzent, Donato Rotunno e Méindeg am Nomëtteg no enger Reunioun mam Kulturminister an dem Lëtzebuerger Filmfong. No der Faillite vu "Wady Films" a "Paul Thiltges Distributions" koum viru gutt zwou Wochen d'Nouvelle, datt d'Studioe vum Filmland zu Kielen hir Diere wäerten zoumaachen. Elo misst iwwerluecht ginn, ob et keng aner Optiounen oder Alternative ginn, sot den Donato Rotunno. Och doriwwer géif aktuell nogeduecht ginn a Gespréicher lafen. Et géif no Léisunge gesicht ginn, déi awer missten am kollektiven Interêt geholl ginn, sou de Produzent a Realisateur.

Den Donato Rotunno huet dann och nach betount, datt een net alles matenee vermëschen an aus eenzel Fäll global Conclusiounen zéien dierft. Dofir wieren d'Gespréicher mat de verschiddene Ministèren, dem Filmfong, mee och aneren Associatiounen extrem wichteg. Et bräicht een Diskussiounen, Ënnerstëtzung a Versteesdemech, well d'Zäiten ongewëss wieren. Lëtzebuerg wier do awer keng Insel a mir wiere vill ofhängeg vun deem, wat am Ausland decidéiert gëtt a geschitt. D'Situatioun wier momentan fir keen aus der Kino-Industrie einfach. Nach géifen d'Gespréicher fir de Secteur hei am Land lafen an dofir kéint een och nach näischt sprochräif hunn, huet den Donato Rotunno nach präziséiert. De Minister Eric Thill huet iwwerdeems en Dënschdeg via Schreiwes säi Point de Vue vun de Gespréicher mat de Leit aus dem Filmsecteur duergeluecht.

Statement vum Kulturminister Eric Thill

"Eisen audiovisuelle Secteur verfüügt iwwer staark Kompetenzen, vill Talent an eng bemierkenswäert Dynamik – dëst esouwuel am klassesche Film, wéi och an der Animatioun an am immersive Beräich. Dëst ass eng zolidd Basis, op där mir och an Zukunft kënne weider opbauen.
Gläichzäiteg gesi mir, datt den audiovisuelle Secteur a ganz Europa aktuell mat engem usprochsvolle wirtschaftlechen Ëmfeld konfrontéiert ass. Déi domat verbonnen Erausfuerderungen huele mir eescht, fir de Secteur nohalteg weiderzeentwéckelen.

D’Fro vun den Infrastrukturen, besonnesch vu Studioen, ass dobäi zentral. D’Filmstudioen zu Kielen waren iwwer méi wéi zéng Joer e wichtege Bestanddeel vun eisem Secteur. No der Annonce, datt déi privat Initiativ hir Aktivitéit astellt, war et mir wichteg, séier en Austausch mam Secteur ze organiséieren, fir d’Situatioun gemeinsam ze analyséieren, an oppen iwwer Léisungsméiglechkeeten ze schwätzen.
Adequat Produktiounsinfrastrukturen stelle mëttel- a laangfristeg eng reell Plus-Value fir de Filmstanduert Lëtzebuerg duer. Eng performant Studioinfrastruktur ass e wichtege Facteur fir eis international Attraktivitéit a Visibilitéit.

Elo geet et drëms, zesummen nohalteg Perspektiven ze definéieren. Dëse Prozess geschitt am enken Dialog mam Secteur an am Bléck op seng konkret Besoinen. De Ministère an de Filmfong bleiwen dofir am enken Echange mat de concernéierten Acteuren an Associatiounen.
Hir Expertise wäert an déi nächst Schrëtt mat afléissen. Eist Zil bleift kloer: d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vum Filmstanduert Lëtzebuerg nohalteg ze sécheren an un déi nei Realitéiten unzepassen."

Back to Top
CIM LOGO