Geschwë gëtt et eescht fir d'Eva Marija, déi Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2026 zu Wien vertrëtt. E Bléck op d'Favoritte weist séier, datt virun allem Nordeuropa staark vertrueden ass.
Dänemark setzt op de jonke Musical-Kënschtler Søren Torpegaard Lund, dee mat sengem emotionalen an op Dänesch gesongene Lidd "Før vi går hjem" op Authentizitéit baut. Schweden bleift sengem Erfollegsrezept trei a schéckt d'Felicia mat "My System" an d'Course. D'Sängerin suergt dobäi och fir Opmierksamkeet duerch hir speziell Optrëtter mat Mask a Sonnebrëll, fir hir Privatsphär ze schützen.
Italien setzt mat Sal Da Vinci op Traditioun an Erfarung. Hir Ballad "Per sempre sì" steet fir vill Gefill a manner Show-Effekter. Griicheland geet e méi experimentelle Wee: Den Akylas kombinéiert a "Ferto" moderne Pop mat nationale Kläng a bleift dobäi bewosst e bësse méi aussergewéinlech.
Och d'Ukrain verbënnt Al an Nei: D'Leléka bréngt mat "Ridnym" traditionell ukrainesch Melodien an engem moderne Sound op d'Bühn. Australien setzt iwwerdeems op d'Erfarung vum Delta Goodrem, déi mat "Eclipse" eng emotional Pop-Ballad presentéiert an als seriö Kandidatin gëllt.
Et ginn awer och e puer kloer Favoritten, déi besonnesch erausstiechen.
Finnland zielt zu de grousse Favoritten. D'Linda Lampenius an de Pete Parkkonen kombinéieren a "Liekinheitin" klassesch Gei mat modernem Pop-Rock – eng ongewéinlech Mëschung, déi gutt ukënnt. Och Israel ass héich am Gespréich: De Noam Bettan iwwerzeegt mat "Michelle", engem ganz perséinleche Lidd an dräi Sproochen.
Frankräich setzt op Talent a Stëmmkraaft. D'Monroe, eréischt 17 Joer al, gëllt als klassescht Wonnerkand a konnt schonn a jonke Jore Succès feieren. Däitschland ass dëst Joer mam Sarah Engels dobäi, den däitsche Star präsentéiert mat "Fire" eng klassesch produzéiert Popnummer. Och wann d'Lidd net zu de Favoritte gehéiert, bréngt hat vill Bünenerfarung mat.