De Projet "pOpera"Oper emol anescht

Sandy Elsen
Mam Projet "pOpera" huet d'Fondatioun d'Konschtform vun der Oper an eng inklusiv Ausdrocksplattform verwandelt.
Oper eemol anescht
Mam Projet “pOpera” huet d’Fondatioun EME d’Konschtform vun der Oper an eng inklusiv Ausdrocksplattform verwandelt.

Ee jonkt Meedche verléiert sech an engem Wunnvéierel, iergendwou am kulturelle Melting Pot Lëtzebuerg. Op der Sich no senger Bomi, der Tété, léiert hatt d'Dauwefra, een Hausmeeschter, eng Koppel an déi vill aner Bewunner kennen. Zesummen hëllefe si dem Meedchen, seng Groussmamm erëmzefannen. Sou kann een d'Geschicht vu "pOpera" kuerzfaassen.

Et ass eng Geschicht - inspiréiert vu Romeo a Julia - iwwer Heemecht a Gemeinschaft.

De But vu "pOpera" war et awer net, einfach just eng flott Opféierung op d'Been ze stellen, ma eng Plattform ze kreéieren, op där Mënschen aus verschiddene Kulturen a mat verschiddene Liewenserfarungen zesummekommen, vunenee léieren an hir Geschichten duerch d'Musek deele kënnen. Iwwer en Zäitraum vun 3 Joer hunn Amateur-Talenter mat professionelle Kënschtler déi sougenannte Community-Oper fir déi grouss Bün vun der Philharmonie geschriwwen, komponéiert an inzenéiert. Ugefaangen hat alles mat engem Flüchtlingschouer. Spéider sinn dunn och Lëtzebuerger Residenten dobäikomm.

"pOpera" spigelt déi vill Stëmmen erëm, déi eis Gesellschaft ausmaachen. Ganzer siwe Sprooche si bei dësem Projet openeegetraff. Geprouft a gesonge gouf op Englesch, Spuenesch a Franséisch. Eng ganz besonnesch Erfarung, virun allem fir déi vill Amateuren, déi sech an hir Geschichten an dëse Projet abruecht hunn.

Nieft, ënnert aneren, dem Komponist Tim Wollmann, de Museker vum Luxembourg Philharmonic an dem Auteur Antoine Pohu, gehéiert och d'Solistin Stephany Ortega zu de professionelle Kënschtler, déi de Projet an déi vill Amateur-Talenter vun Ufank u begleet an ausgebilt hunn. Och fir si geet et bei dësem Projet ëm vill méi wéi eng kënschtleresch Leeschtung. Et geet ëm déi mënschlech Erfarung, dorëms duerch d'Musek Vertrauen a sozial Bindungen ze schafen.

D'Iddi staamt vun der Fondatioun EME an hirem kënschtleresche Leeder Paulo Lameiro.

Back to Top
CIM LOGO