Mëtt vum 19. Joerhonnert, am haitege Bénin, hat d’Kinnekräich Dahomey, dat haaptsächlech vum Sklavenhandel gelieft huet, sech géint seng Rivalen aus der Géigend duerchgesat, mat Hëllef och vu senger berüchtegter Amazonen-Arméi. An deem Kontext spillt dat vill diskutéiert an oft gelueften Hollywood Geschichtsdrama “The Woman King”, dat vun enger Ekipp vu bal exklusiv schwaarze Frae realiséiert gouf.
Dat jonkt rebellescht Nawi gëtt vu sengem Papp an d’Arméi vum Kinnek Ghezo senge berüchtegte Agojié-Kämpferinne gestach. D’Nawi muss sech fir d’éischt no engem haarden Training bewären, éier et an de Kampf géint d’Vollek vun den Oyo geet an accessoirement och géint déi wäiss Sklavenhändler.
Wann den excellente Film “Black Panther” de stereotypéierte Superhelde-Kino erneiere konnt, esou hätt och “The Woman King” a seng Glorifikatioun vun de schwaarze Fraen, dat nämmlecht am Genre vum Hollywood-Geschichtskino kënne maachen... wann et dann e bessere Film wär. D’Action-Zeene si wuel spektakulär, mee soss ass dach alles schrecklech déjà-vu: vun dem “Karaté Kid” oder “Rocky"-Training, der “Gladiator"-Kampfsolidaritéit- a Kierperkultur, iwwer zwou wéineg iwwerzeegend melodramatesch, respektiv romantesch Niewegeschichten, bis zur d’Brutalitéit vun engem “Braveheart”.
An den humanisteschen Asaz vu der Leaderin vun den Agojié, gespillt vum Viola Davies, fir de Sklavenhandel duerch Palmenueleg-Produktioun ze ersetzen, wierkt dach schrecklech opgesat. Et geet net duer, fir op den Zuch vu “MeToo” a “Black Lives Matter” ze sprangen a wäiss Männer duerch schwaarz Fraen ze ersetzen. Et ass kaum e Fortschrëtt, wann Hollywood bis op eemol, als Rôle-Model fir jonk Schwaarzer, de Mel Gibson duerch d’Viola Davies ersetzt, dat grad esou fanatesch a brutal, wéi säi wäisse Virgänger, de Géigner uspréngt an him d’Schwäert an den Hals stécht.
Hollywood geet mam Trend, bleift awer eben Hollywood, ob een et an där Form gär huet oder net.