
No der Ouvertureszeremonie en Dënschdeg den Owend, gëtt um Mëttwoch de Filmfestival vu Cannes richteg lancéiert. 22 Filmer streide sech dëst Joer ëm d'Palme d’or.
De Jury gëtt presidéiert vum südkoreanesche Regisseur Park Chan-wook.
Dräi Lëtzebuerger Co-Produktiounen sinn Deel vun der "Quinzaine des cinéastes", eng vum Filmfestival onofhängeg a parallel organiséiert Sektioun. Um Bord vum Festival ass op der Croisette och nees e Pavillonsduerf, wou och de Lëtzebuerger Filmfong nees vertrueden ass.