
Alles huet säi Präis, virun allem d’Liewen am Turbo-Kapitalismus. D’Theaterstéck „Hysterikon“ am Kasemattentheater ass en ekstateschen Trip duerch de Supermarché vum Liewen.
Alldeeglech Zeenen aus dem Supermarché steigere sech an eng kollektiv Hysterie. Et ginn exklusiv Offeren: Gefiller mat Verfallsdatum, Blinddate mat Seeriemäerder a multipel Liewensentwërf am Familljepak. Onendlech Méiglechkeeten an de Regaler féieren dozou, datt d’Gesellschaft an den Optioune vum Konsum ënnergeet. Et ass an dësem Supermarché vum Liewe, an deem mir eisen Hoffnungen, Déifpunkten a Verlaange begéinen. Déi existenziell Kris am Killregal. Reduktiounen, zwanzeg Prozent manner Fett, 100 Prozent natierlech Inhaltsstoffer.
Et ass d’Sich no engem Liewe mat 10 Prozent méi Inhalt. D’Schrëftstellerin Ingrid Lausund huet mat „Hysterikon“ en Theaterstéck geschriwwen, dat net nëmmen den alldeegleche Wansinn a Chaos vum Akafe beschreift, ma si thematiséiert och, datt d’Gefiller an eiser Konsumgesellschaft leider ausverkaaft sinn.
Inzenéiert gëtt „Hysterikon“ am Kasemattentheater vum Max Thommes. Nieft der Regie iwwerhëlt de Schauspiller a Museker och de Sounddesign an d’Kostümer. „Hysterikon“ huet den 13. Mee Première a gëtt nach bis den 22. Mee vum Fabienne Eliane Hollwege, Jil Devresse, Konstantin Rommelfangen a Luc Schiltz gespillt.