Um Fluchhafen zu Denver an den USA ass e Freideg eng Persoun bei engem Virfall mat engem Fliger op der Pist ëm d'Liewe komm. Opname vun Iwwerwaachungskamerae weisen, wéi d'Persoun dem Airbus A321, dee grad a Richtung Los Angeles ofhiewe wollt, entgéintkoum. Vu Mataarbechter vum Fluchhafen heescht et, d'Persoun wier - op d'mannst zum Deel - an d'Turbinn vun der Maschinn era gesuckelt ginn. D'Turbinn huet doropshin och ugefaangen ze brennen.
Déi 224 Passagéier a siwe Crew-Membere goufen iwwer Noutrutschen a Sécherheet bruecht. 12 Leit ware liicht blesséiert ginn a fënnef koumen an d'Spidol.
Méi spéit gouf matgedeelt, datt d'Persoun de Virfall net iwwerlieft hätt. D'Doudesaffer wier den Autoritéiten no just e puer Minutte virum Virfall iwwer en Zonk geklommen.