Vicky LeandrosZeréck op d'ESC-Bün – do, wou alles ugefaangen huet

Loïc Juchem
Bal 60 Joer no hirer éischter Participatioun steet d'Vicky Leandros nees zu Wien op der grousser Bün vun der Eurovisioun.

Mir kruten en exklusiven Interview kuerz virum Optrëtt vun en Dënschdeg den Owend an d'Sängerin ass dobäi souguer richteg emotional ginn.

Lëtzebuerg huet hir vill Dieren opgemaach 

Fir d'Vicky Leandros bleift Lëtzebuerg bis haut e ganz besonnescht Land. Am Interview erzielt si, datt si nach ëmmer vill Frënn hei huet an och privat reegelméisseg op Lëtzebuerg kënnt. Fir Lëtzebuerg um ESC konnten opzetrieden, beschreift si als "Meilesteen" vun hirer Carrière.

“Luxemburg hat mir diese Chance gegeben”

1967 gouf si vu Radio Luxemburg ausgewielt, fir mat "L’amour est bleu" beim Eurovision Song Contest unzetrieden. Deemools gouf et nach kee groussen nationale Virentscheed wéi haut. Eng Jury zu Lëtzebuerg huet aus verschiddene Lidder de beschte Song gewielt – an d’Entscheedung ass op d’Wierk vum franséische Komponist André Popp gefall.

Fir Lëtzebuerg beim ESC opzetrieden, beschreift d'Vicky Leandros als Meilesteen
Och haut nach huet d'Sängerin eng staark Verbindung mam Grand-Duché.

Obwuel si deemools "just" Véiert gouf, huet de Song hire weltwäiten Duerchbroch markéiert. D’Vicky Leandros huet "L’amour est bleu" dono a siwen oder aacht Sproochen opgeholl an och baussent Europa grouss Erfolleger gefeiert – ënner anerem a Kanada a Japan. "Lëtzebuerg huet mir dës Chance ginn", seet d’Sängerin dankbar. Besonnesch d'Méiglechkeet, op Franséisch ze sangen, hätt hir vill bedeit.

Zeréck zu Wien: "Do huet alles ugefaangen"

En Dënschdeg den Owend wäerte vill ESC-Fans op der ganzer Welt mat dobäi sinn, wann d'Vicky Leandros den Opening vun der Show mécht. Dobäi wäert si nees "L’amour est bleu" sangen, also genee dee Song, mat deem si 1967 zu Wien hir éischt ESC-Experienz gemaach huet.

D'Sängerin erzielt am RTL-Interview, datt si direkt zougesot huet, wéi den ORF si gefrot huet. "Ech hu geduecht: wat fir eng flott Iddi – ech komme gär", esou d'Vicky Leandros.

“Es bringt natürlich so viele Erinnerungen zurück!”
Dëst Joer zréck op der ESC-Bün ze sinn, bréngt vill Erënnerungen zréck
D'Vicky Leandros trëtt 2026 nees mat hirem Song "L’amour est bleu" op.

D'Erënnerunge wieren immens staark. Deemools war si eréischt 17 Joer al a stoung als "Vicky" op der Bün. Haut, bal sechs Joerzéngte méi spéit, ass si nach ëmmer Deel vun der Eurovision-Famill. 1972 huet si du schliisslech Eurovisiouns-Geschicht geschriwwen. Mat "Après toi", komponéiert vun hirem Papp Leo Leandros, huet si fir Lëtzebuerg de Concours zu Edinburgh gewonnen.

Och beim aktuellen ESC huet si eng kloer Positioun: d’Vicky Leandros ass géint e Boykott vun Israel a plädéiert dofir, datt Musek Mënsche soll zesummebréngen amplaz ze trennen.

Eurovision Song Contest huet sech mat de Jore vill verännert

Wann d’Sängerin haut op déi modern ESC-Produktioun kuckt, ass si beandrockt. Si erënnert sech nach gutt un déi Zäit, wou de Concours vill méi kleng war.

"Et war e schéinen Theater mat engem Symphonieorchester ënnert der Bün", erzielt si. Geprouft hätt een deemools nëmmen een oder zwee Mol, vill Luuchten oder Spezialeffekter gouf et praktesch keng. Beim Optrëtt vun "Après toi" hätt et just e schwaarze Rideau an e puer Lametta-Stécker als Dekor ginn, erënnert si sech. Haut wier dat eng komplett aner Welt: eng riseg Bün, modern Technik a spektakulär Effekter.

“Die Bühne ist so gigantisch!”
Haut sinn d'ESC-Shows eng aner Welt: eng riseg Bün, modern Technik an Effekter
Wann d’Sängerin haut op déi modern ESC-Produktioun kuckt, ass si beandrockt. Si erënnert sech nach gutt un déi Zäit, wou de Concours vill méi kleng war.

Trotzdeem mengt d'Sängerin, datt een et heiansdo och iwwerdreiwe kéint. Fréier wier de Fokus vill méi op dem Song selwer gewiescht. Haut géifen och Social Media, Inzenéierung a Show eng grouss Roll spillen. "Deemools ass et virun allem ëm dat beschte Lidd gaangen", esou d’Leandros.

Keen Enn a Siicht

Och wann d'Vicky Leandros 2024 offiziell hir "Abschidstournée" ofgeschloss huet, denkt si nach laang net un d'Pensioun. Wéinst der grousser Demande vun de Fans huet si decidéiert, nach weider Concerten ze ginn.

Fir 2027 an 2028 plangt si eng nei Europatournée – an do soll och Lëtzebuerg nees dobäi sinn. "Ech freeë mech schonn drop", seet si.

A sou gëtt kloer: Och méi wéi 50 Joer no hirem groussen ESC-Succès bleift dVicky Leandros eng fest Gréisst an der ESC-Welt an doriwwer eraus.

Vicky Leandros plangt nei Europa-Tournée
Och wann Vicky Leandros 2024 offiziell hir "Abschidstournée" ofgeschloss huet, denkt si nach laang net un d'Pensioun.

Back to Top
CIM LOGO