En Dënschdeg den Owend war et souwäit, et sinn eng éischte Kéier 15 Länner géinteneen ugetrueden, dat fir iwwerhaapt emol eng definitiv Plaz an der grousser ESC-Finall e Samschdeg zu Wien ze kréien. Um punkt 21 Auer war et du sou wäit, d'Moderatioun gouf, wéi och en Donneschdeg an e Samschdeg, vum Victoria Swarovski a Michael Ostrowski iwwerholl, dat wéi ëmmer, mat enger gudder Portioun Euphorie a Witz.
Gestart ass den Owend awer direkt mat engem Optrëtt vum Vicky Leandros a sengem Lidd "L'amour est bleu", dat d'Schlager-Legend um éischte Song-Contest am Joer 1967 fir Lëtzebuerg gesongen huet. Domadder gouf de Grand-Duché sou ze soe schonn direkt ier et lassgaangen ass zu Wien representéiert, och wann de Lëtzebuerger Bäitrag 2026 eréischt en Donneschdeg un de Start geet.
Dono war et awer un de verschidden Acts vum Owend, wéi gesot 15 Natiounen un der Zuel. Wéi ëmmer sinn d'Kënschtler an enger fest ugeluechter Reiefolleg ugetrueden, ier et dunn un de Voting gaangen ass. Hei ass et jo zu 50% um Public iwwert den Internet- an Telefon-Voting an zu 50% un engem Jury aus all eenzelem Land, fir ze decidéieren, wien e Samschdeg an der Finall steet.
Schlussendlech konnte sech déi 10 bescht-placéierte Länner fir e Samschdeg qualifizéieren, dëst sinn:
- Griicheland: Akylas - Ferto
- Finnland: Linda Lampenius & Pete Parkkonen - Liekinheitin
- Belsch: Essyla - Dancing on the Ice
- Schweden: Felicia - My System
- Moldawien: Satoshi - Viva, Moldova!
- Israel: Noam Bettan - Michelle
- Serbien: Lavina - Kraj mene
- Kroatien: Lelek - Andromeda
- Litauen: Lion Ceccah - Sólo quiero más
- Polen: Alicja - Pray
*D'Reiefolleg an der Halleffinall spillt iwwregens keng Roll, et gëtt een net gewuer, wie wéi vill Punkte krut, respektiv, wien am beschten ofgeschnidden huet
Leider net an den Top 10 dobäi an domadder och net e Samschdeg an der Finall si follgend Länner:
- Estland: Vanilla Ninja - Too Epic to Be True
- Georgien: Bzikebi - On Replay
- Montenegro: Tamara Živković - Nova zora
- Portugal: Bandidos do Cante - Rosa
- San Marino: Senhit feat. Boy George - Superstar
Hei nach eemol den Iwwerbléck vun allen Optrëtter déi een en Dënschdeg an der 1. Halleffinall ze gesi krut:
Moldawien: Satoshi - Viva, Moldova! (qualifizéiert)
Schweden: Felicia - My System (qualifizéiert)
Kroatien: Lelek - Andromeda (qualifizéiert)
Griicheland: Akylas - Ferto (qualifizéiert)
Portugal: Bandidos do Cante - Rosa (net qualifizéiert)
Georgien: Bzikebi - On Replay (net qualifizéiert)
Finnland: Linda Lampenius & Pete Parkkonen - Liekinheitin (qualifizéiert)
Montenegro: Tamara Živković - Nova zora (net qualifizéiert)
Estland: Vanilla Ninja - Too Epic to Be True (net qualifizéiert)
Israel: Noam Bettan - Michelle (qualifizéiert)
Belsch: Essyla - Dancing on the Ice (qualifizéiert)
Litauen: Lion Ceccah - Sólo quiero más (qualifizéiert)
San Marino: Senhit feat. Boy George - Superstar (net qualifizéiert)
Polen: Alicja - Pray (qualifizéiert)
Serbien: Lavina - Kraj mene (qualifizéiert)
Och opgetrueden, ma sécher weider als "Big 4", waren Italien an Däitschland:
Italien: Sal Da Vinci - Per Sempre Sì (automatesch qualifizéiert)
Däitschland: Sarah Engels - Fire (automatesch qualifizéiert)