
Wärend aner grouss Kulturevenementer wéi d’Leipziger Buchmesse wéinst der Omikron-Variant hu missen ofgesot ginn, sinn d’Kinossäll um Potsdamer Plaz dëst Joer nees fir jiddereen opgaangen. An dat, nodeems d’lescht Joer just e professionelle Public zougelooss war.
Dat ass och wichteg, fir datt dës Zort Kultur-Evenement net hir international Bedeitung verléieren, a vis-à-vis vun anere Filmfestivallen a Vergiessenheet geroden. Mee d’Berlinale meeschtert all d’Erausfuerderunge vun der Pandemie: D’JournalistInne musse sech all Dag testen, de Public kënnt no den 2G-Plus Reegelen eran an, vu dass et ëm Film geet, gëtt et och kaum Problemer mat Visiokonferenzen.
Um Potsdamer Platz goufen dëst Joer ënnert anerem 18 Filmer am Wettbewerb ëm de Gëllene Bier gewisen, donieft Kuerzfilmer a Spillfilmer aus der ganzer Welt. Den thematesche Schwéierpunkt schéngt dëst Joer op der Famill an dem Sozialen ze léien, en Thema, dat net zulescht duerch d’Pandemie an eise Fokus geréckelt ass. An och weiblech Protagonistinnen a Regisseurinne sinn, fir e Filmfestival, iwwerduerchschnëttlech staark vertrueden.
De Präsident vun der Jury, den amerikanesche Regisseur M. Night Shyamalan sot iwwer d’Bedeitung vun onofhängege Filmproduktiounen op der Pressekonferenz fir d’Ouverture vum Festival:
„What’s so beautiful about that is: You’re seeing a new perspective on the world. When you walk out of the cinema when you’ve seen that, you’ve changed.“
Op Lëtzebuergesch: “Wat esou flott un dëse Filmer ass, ass, datt een eng nei Perspektiv op d’Welt kenneléiert. Wann een nom Film de Kinossall verléisst, huet sech eppes verännert.”
Wat fir e bessere Programm kéint ee sech virstellen, fir dem groe Wanter zu Berlin ze entkommen!
Den Donneschden Owend goufen d’Gewënner bekannt ginn: De gëllene Bier, di wichtegst Auszeechnung, goung un de spuenesche Film “Alcarràs” vun der Regisseurin Carla Simón, an deem et ëm eng katalanesch Famill, Erënnerungen un üppeg Summeren op Piisch-Felder an och ëm Verdreiwung oder Moderniséierung geet.
An och eng lëtzebuergesch-däitsch Koproduktioun gouf gewisen, krut allerdéngs kee Präis: De Film “Der Passfälscher” vun der Regisseurin Maggie Peren, deen am 2. Weltkrich spillt. E jonken, jüddesche Mann, de Cioma Schönhaus, wëll sech net vun den Nationalsozialisten aschüchtere loossen oder verstoppen. Hie gëtt sech fir en aneren aus a léisst sech seng Freed um Liewen net huelen… a fälscht daagsiwwer Päss, wouduerch hie villen d’Liewe rett …
En duerchaus positive Film – mee no esou originelle Filmer wéi dem Jojo Rabbit vum neuseelännesche Regisseur Taika Waititi, deen och zu där Zäit spillt, ass et schwéier, an dësem Stil Film eppes ze entdecken, wat eis nach net aus änleche Spillfilmer scho bekannt ass. Ofgesinn dovun, dass de Film “Der Passfälscher” bemierkenswäerterweis en dokumentaresche Wäert huet: Well en ass inspiréiert vun engem Buch, dat op enger wouerer Geschicht berout: dem Liewe vum Samson Schönhaus, deen 1922 zu Berlin gebuer gouf.
De Film wäert sécherlech och zu Lëtzebuerg am Kino ze gesi sinn. Well elo, wou de Festival eriwwer ass, wäerte mat de Regisseuren a Filmfans, déi dëse Sonndeg, um leschten Dag vun der Berlinale, ofreesen, och d’Filmer an d’europäesch Kinossäll kommen.