Um City Breakfast annoncéiertVDL organiséiert zesumme mam Atelier verschidde Concerten um Glacis

RTL Lëtzebuerg
"City Sounds" heescht de Projet, deen ënner anerem den "Gentleman", de "Sido" oder och "Meute" op Lëtzebuerg bréngt.
© Facebook Atelier

Den Optakt vu “City Sounds” mécht de 6. August en “Tribute to the Beatles-Concert”. Den Dag dono huet “Meute” de Glacis am Grëff. Sonndes ass et dann um “Axelle Red” an den 9. August trëtt de “Loïc Nottet” op. A klengen Highlight sinn dann um Dënschdeg den “Gentleman” respektiv en Donneschdeg de “Sido”. Ofschloss mécht freides den 13. August de “Majan”. Organiséiert gëtt dëst vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mam Atelier.

RTL-News: City Breakfast - “Et ass Kiermes am Duerf": Spiller an der Stad an eng Zort Fouer um Glacis Eng 700 Leit solle bei dëse Concerten dobäi dierfe sinn. An der Woch virun de Concerte gëtt um Glacis en Open-Air-Kino organiséiert. Hei si mam Covid-Check 550 Plaze méiglech, grad wéi awer och an Autokino.

LINK: Weider Detailer um Site vum Atelier

Back to Top
CIM LOGO