
De Schäfferot huet annoncéiert, datt an den nächsten zwee Méint eng Rei Aktivitéite geplangt sinn. Mat der “Kiermes am Duerf” ginn op 10 verschiddene Plazen an der Stad, 44 Attraktiounen a Stänn opgeriicht. Dës kommen de 16. Juli a bleiwe bis den 12. September. Spiller an Attraktioune si fir d’Kanner gratis. Iess- a Gedrénksstänn wéi och d’Buden, an deenen een Douse schéissen oder Inte fësche kann, ginn no den üblechen Tariffer bedriwwen.