James Bond - e GeschäftsmodellWéi vill ass d'007-Filmrei eigentlech wäert?

Julien Kohn
Den Numm ass Bond, James Bond, an deen huet en neit Gesiicht. Amazon MGM Studios huet e Méindeg bekannt ginn, datt de Robert Pattinson deen nächsten 007 gëtt. D'Filmkritik loosse mer ewech. Mir kucken op de Portmonni.
Den 007-Logo ass weltwäit bekannt.
Den 007-Logo ass weltwäit bekannt.
© Tolga Akmen / AFP

Déi 25 offiziell Bond-Filmer zesummen hunn an de Kinoe ronn 7,7 Milliarden Dollar agespillt, sou d'Zuele vun der Filmdatenbank The Numbers. Den éischte Bond, "Dr. No" vun 1962, huet eng Millioun Dollar kascht. De leschten, "No Time to Die", 250 Milliounen. Dat ass 250 Mol méi, an trotzdeem e gutt Geschäft: Weltwäit huet en iwwer 750 Milliounen Dollar erabruecht.

James Bond - e Geschäftsmodell

Gehéiert James Bond elo Amazon?

Amazon huet 2022 den Hollywood-Studio MGM iwwerholl fir 8,45 Milliarden Dollar, an domat d'Hallschent vun de Rechter un de Bond-Filmer. Wat an de Filmer geschitt, huet awer weider d'Famill Broccoli decidéiert, déi Bond zanter 1962 produzéiert. Déi kreativ Kontroll huet Amazon sech eréischt d'lescht Joer geséchert.

Wéi geet et Amazon finanziell?

Enn Oktober huet Amazon seng Zuele fir dat drëtt Trimester publizéiert. Den Ëmsaz ass ëm 12 Prozent op ronn 200 Milliarden Dollar geklommen. Déi meescht Sue verdéngt Amazon awer net mat Filmer, mee mat der Cloud, also domat, datt een anere Firme Rechenzentren zur Verfügung stellt. D'Filmer, déi dëst Joer eegenen Informatiounen no bis elo iwwer 1,2 Milliarden Dollar an d'Keess gespillt hunn, sinn éischter d'Kiischt um Kuch. Op der Bourse huet de Bond e Méindeg iwwregens net gehollef: D'Amazon-Aktie ass e Méindeg ronn 3 Prozent gefall. Dat huet awer éischter eppes mat Nvidia an Anthropic ze dinn.

De Bond fiert Aston Martin, dréit Omega a bestellt säi Martini. Och dat kascht?

Jo, mee meeschtens bezuelen d’Marken, fir am Film ze sinn. De bekanntste Fall ass Heineken. Fir "Skyfall" vun 2012 gëtt ënner anerem vun der BBC vu ronn 45 Milliounen Dollar geschwat, déi d’Brauerei bezuelt hätt, fir datt de Bond eemol e Béier drénkt amplaz vu sengem Martini.

Dat war awer net ëmmer sou. Am Ufank war et ëmgedréint. Fir “Goldfinger” 1964 wollt de Patron vun Aston Martin, datt d’Produzenten him eppes bezuelen, fir säin Auto ze notzen. Hie gouf iwwerzeegt, et sinn ze loossen, an dat war wuel déi bescht Decisioun vu sengem Liewen.

Huet sech dat gelount?

An der zweeter Hallschent vun de 60er Joren ass de Verkaf vun Aston Martin ëm 60 Prozent geklommen. An dee klenge Spillauto vum Bond sengem DB5 vu Corgi gouf am éischte Joer 2,5 Millioune Mol verkaaft.

Wéi steet et haut ëm Aston Martin?

D'Aktie vun Aston Martin, déi zu London notéiert ass, huet dëst Joer bal d'Hallschent vun hirem Wäert verluer. Kléngt brutal, ass awer näischt iwwert laang Dauer. Wie bei der Entrée op d'Bourse 2018 kaaft huet, huet ronn 99 Prozent verluer. Haut ass déi ganz Firma ronn 400 Millioune Euro wäert. Um Bond läit dat warscheinlech net.

Back to Top
CIM LOGO