"Passepartout" um SamschdegowendZwou Expoen, d'Lëtzebuerger Co-Produktioun "Projecto Global" an d’Norah Noush

Sandy Elsen
D'Kultur-Emissioun op der Tëlee mam Zil, d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.
De Passepartout vum 11. Abrëll 2026
De Kulturmagazin op RTL.

An der Villa Louvigny entdecke mer déi immersiv Ausstellung "Radio Luxembourg – Ghosts of the Villa" a mir huelen de Thriller "Projecto Global" vum Realisateur Ivo Marques Ferreira ënnert d'Lupp. Donieft kucke mir eis d'Expo "The World Is A Stage" un a mir léieren déi Lëtzebuerger Choreografin an Dänzerin Norah Noush kennen, déi zu London lieft a schafft.

"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play !

Back to Top
CIM LOGO