D'Sängerin Marly Marques

Marly Marques / © Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.
Mat hirer sënnlecher an doucer Stëmm hëlt si ee souzesoe mat op eng Rees an de Genre vun der World music. D'Sprooche spillen net just an hirer Musek, mee och doriwwer eraus eng zentral Roll an hirem Liewen.
D'Marly Marques kënnt een duerch hire Quintet, mee d'Sängerin huet donieft och e neie Projet lancéiert. Bei hir doheem, an der Gemeng Esch-Sauer hu mer mat hir iwwert hir Musek, d'onkontrolléiert Opreegung viru Concerten, de Faibel fir al Saachen an hir portugisesch Wuerzele geschwat.
Marly Marques & Riaz Khabirpour - Tani (live session)
Marly Marques Quintet - Luxembourg Jazz Meeting
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur
Podpurri - Episod 9: Francis Kirps
Podpurri - Episod 8: Pascal Schumacher
Podpurri - Episod 7: Susanne Jaspers
Podpurri - Episod 6: René Penning
Podpurri - Episod 5 "Nickel Bösenberg"
Podpurri - Episod 4 "Anne Mélan"
Podpurri - Episod 3 "Gintare Parulyte"
Podpurri - Episod 2 "Carole Lorang"