Déi 43. Editioun vun der Foire Agricole zu Ettelbréck steet ënnert dem Motto "[RE]CONNECT". Komplementar zum Site an den Däichwisen kann een d'FAE.TV och nees digital op RTL.lu an fae.lu suivéieren.
Méi wéi 350 Exposanten sinn dëst Joer vertrueden.
D’FAE ass eent vun de gréissten Open Air Eventer am Land mat all Joer bis zu 50 dausend Visiteuren. Et gëtt vill ze kucken, vu Showen a Presentatioune vu Klengdéieren, Päerd, Kéi a Stéiere bis zu grousse landwirtschaftleche Maschinnen ass alles dobäi. Lokal ettelbrécker Clibb suergen fir de Catering.
D’Foire Agricole ass de Rendez-vous, fir déi lëtzebuerger d’Landwirtschaft hautno ze erliewen an natierlech och ze schmaachen. Kuckt op op hire soziale Medien op Instagram oder Facebook.
E Freideg am Nomëtteg ass déi offiziell Ouverture vun der 43. Editioun.
Freideg, den 3. Juli vun 10h00 bis 14h00
Samschdeg, de 4. Juli vun 10h00 bis 14h00
Sonndeg, de 5. Juli vun 11h00 bis 15h00