Urteel am Fall ëm den Doud vum EmranËnnert anerem 12 Méint Prisong mat Sursis a Geldstrof fir den Haapt-Sculpteur

Michèle Sinner
Déi aner Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg a vum LCTO goufe fräigesprach.
© Famill

En Donneschdeg de Mëtten ass um Stater Geriicht d'Urteel am Prozess ëm den Doud vum klengen Emran geschwat ginn, dee Bouf, deen 2019 um Stater Chrëschtmaart vun enger Äis-Skulptur erschloen gi war.

12 Méint Prisong mat integralem Sursis a 5.000 Euro Geldstrof gouf et fir den Haapt-Sculpteur, 9 Méint Prisong mat integralem Sursis an 1.500 Euro Geldstrof fir säi Mataarbechter.

All déi aner ugeklote Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO, esou wéi den LCTO selwer goufe vum Virworf vum Homicide involontaire fräigesprach.

D'Geriicht huet der Famill, also den Elteren, dem Brudder, de Grousselteren, Tattaen, Monnien a Cousinen, zesummen eppes iwwert 250.000 Euro Dommagen an Indemnitéiten accordéiert. Also däitlech manner, ewéi déi ronn 700 000 Euro, déi d'Affekoten vun de Parties civiles gefrot haten.

Back to Top
CIM LOGO