Resultater vun de Premièresexamen 74 Prozent hunn et direkt gepackt, 179 Mol gouf et en "Excellent"

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsministère huet déi genee Zuele mat de Resultater vun de Premièresexame verëffentlecht. Den Taux de réussite ass dobäi liicht besser ausgefall wéi d'lescht Joer.
D'Premièresexamen am Lycée Michel Rodange hunn ugefaangen.
D'Premièresexamen am Lycée Michel Rodange hunn ugefaangen.
© Céline Eischen

En Donneschdeg huet den Educatiounsministère déi genee Zuele mat de Resultater vun de Premièresexame verëffentlecht. 74 Prozent vun de Primaner hunn d'Examen am éischten Ulaf gepackt, wat ee Prozentpunkt méi ass wéi d'Première aus dem leschte Joer. An Zuele sinn dat 2.910 vun den am Ganzen 3.925 Schüler.

17 Prozent, wat 652 Schüler sinn, mussen dann an en Noexamen an 9 Prozent hunn d'Première net gepackt.

Classique & General

Am Enseignement secondaire classique läit den Taux de réussite bei 82 Prozent par rapport zu 12 Prozent an den Noexamen a 6 Prozent, déi refuséiert goufen.

Am Enseignement secondaire général ass den Taux de réussite bei just 68 Prozent, wat awer ëmmerhin zwee Prozentpunkte méi si wéi am leschte Joer. 20 Prozent mussen hei an en Noexamen an 12 Prozent hunn et net gepackt.

Geschlechter

Déi jonk Dammen hunn am Enseignement secondaire classique mat engem Taux de réussite vun 83 Prozent besser ofgeschnidde wéi déi jonk Häre mat 80 Prozent. Am Enseignement secondaire général haten dogéint déi jonk Häre mat 71 Prozent méi Succès am Verglach zu den Damme mat 66 Prozent.

Mentioun "Excellent"

179 Schüler hunn d'Mentioun "Excellent", wat enger Moyenne générale vun 52 oder méi Punkten entsprécht a sechs Prozent vun alle Schüler ausmécht, déi et gepackt hunn. 144 dovu gouf et am Enseignement secondaire classique a 35 am Enseignement secondaire général.

Back to Top
CIM LOGO