"Muecht vun der Léift"Koppel klëmmt op d'Spëtzt vum Empire State Building

AFP
Zu New York hu sech e Mëttwoch zwou maskéiert Persounen Zougang zum Empire State Building verschaaft. Ganz uewen un der Spëtzt war et awer net just d'Héicht, déi d'Häerzer méi séier schloe gelooss hunn.
"Muecht vun der Léift": Koppel klëmmt op d'Spëtzt vum Empire State Building
Zu New York hu sech e Mëttwoch zwou maskéiert Persounen Zougang zum Empire State Building verschaaft.

Zwee Extreem-Grimpeure sinn e Mëttwoch d'Antenn vum 443 Meter héijen Empire State Building zu New York eropgeklommen. D'Koppel, déi ganz schwaarz ugedoe war, huet uewen op der Spëtzt vum Héichhaus e Banner mat der Opschrëft: "Wann d'Muecht vun der Léift géint d'Léift zu der Muecht wënnt, wäert d'Welt Fridde fannen."

Eng Rei US-Medie ginn dovun aus, datt sech déi Zwee op der Héicht verloobt hunn. D'Chaîne ABC an och anerer hunn e Video verëffentlecht, op deem de Mann sech op enger Plattform ënnert der Antenn vum Gebai op d'Knéie gaangen ass a sech béid maskéiert Persounen duerno e Kuss ginn hunn.

De Spriecher vun der New Yorker Police huet no dem Ausfluch vun deenen Zwee matgedeelt, datt déi zwou Persounen "ouni Tëschefall an Arrest geholl" goufen, nodeem d'Koppel nees ouni Blessuren e feste Buedem ënnert de Féiss hat. D'Ermëttlunge géife weider ulafen.

Wéi d'Zeitung "USA Today" schreift, soll et sech bei deenen Zwee ëm d'Russen Angela Nikolau an Ivan Beerkus handelen. Si sinn d'Haaptfigure vum Film "Skywalkers: A Love Story" aus dem Joer 2024, an deem et ëm änlech riskant Kloteraktiounen ouni, oder just mat ganz liichter Ofsécherung, geet.

Back to Top
CIM LOGO