Invité vun der Redaktioun (2. Juli)Schëfflenger Buergermeeschter Carlo Feiereisen

Marc Hoscheid
En Donneschdeg de Moie sinn d'Erausfuerderunge vun der Schëfflenger Gemeng Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Gemeng Schëffleng feiert dëst Joer hiren 150. Gebuertsdag. Zanter knapp engem Joer sëtzt de Carlo Feiereisen um Buergermeeschterstull. Mam LSAP-Politiker schwätze mer doriwwer, wéi dat industriellt Ierwe revaloriséiert ka ginn, iwwert d'Erausfuerderungen am Beräich vun der Schoulpolitik an och iwwert eng méiglech Fusioun mat den Nopere vun Esch. Den Invité vun der Redaktioun héiert Der ëmmer direkt nom Noriichteniwwerbléck um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO