
An engem Facebook-Post vun e Mëttwoch freet d'Luxlait seng User, wien alles op de Post vum 1. Abrëll eragefall war, mee awer och, wie sech esou ee "Botterstick" eeschthaft wënsche géif. D'Äntwerte sinn eendeiteg: "Desen Stick wier genial", kommentéiert eng Userin. "Wier bestemmt praktesch fir ennerwee", heescht et op enger anerer Plaz.
Den 1. Abrëll ass scho laang eriwwer, dowéinst schéngt d'Entreprise méiglecherweis wierklech eng Ëmsetzung vun dësem ongewéinleche Konzept ze consideréieren. Et dierf ee gespaant sinn.
Nieft der Luxlait hate sech nach eng ganz Rei aner Lëtzebuerger Entreprisen Abrëllsgecken afale gelooss. Eng Iwwersiicht iwwer dës fannt Dir hei: