Anne's Retro KitchenAus dem RTL-Archiv zeréck an d'Kichen - Legendär Rezepter aus den 90er Joren

RTL Lëtzebuerg
An der 1. Episod geet et ëm dem Léa Linster hir Mullenzopp mat Curry a mat Poretten.
Anne's Retro Kitchen
An der 1. Episod geet et ëm dem Léa Linster hir Mullenzopp mat Curry a mat Poretten.

Wat war an den 90er Joren Trend a wat misst eventuell e klengen Update kréien? A senger eegener Kiche kacht d’Anne déi klassesch Platen no an erfënnt se deels nei.

An der 1. Episod geet et ëm dem Léa Linster hiert Rezept fir eng Mullenzopp mat Curry a Poretten, dëst aus dem Joer 1994.

Léa Linster - Mullenzopp
D’Anne kacht dem Léa Linster seng Mullenzopp mat Curry a mat Poretten aus dem Joer 1994

Kuckt hei d’Sendung mam Léa Linster aus dem Joer 1994

D'Léa Linster mécht 1994 den Optakt „beim Kichechef“ – d'Sendung vun deemols
Als éischt Invitée an der Sendung „beim Kichechef“ huet d’Léa Linster 1994 beim Marc Olinger eng Mullenzopp mat Curry a Porretten gekacht.

Rezept fir Nozekachen

Mullenzopp

E Rezept vum Léa Linster

Fir 4 Persounen

Fir de Court-Bouillon:
1 kg Mullen
250ml wäisse Wäin
250ml Waasser
50g Zellerie (oder 1 Panais)
1 Wuerzel
1 Enn
Gréngs vun 1 Porett
1 Lorberblat
1 klenge Bond Péiterséileg

Fir d’Zopp:
30g Botter
2 EL Miel
500ml Court-Bouillon
Wäisst vun 1 Porett, reng gehackt
75ml Ram
½ EL Currypolver
1 Pouz Safran
1 Pouz Cayenne Peffer

Fir ze zerwéieren:
100ml Ram
Péiterséileg, gehackt

D’Mulle wäschen (net am Waasser leie loossen).

Fir de Court-Bouillon:
Den Zellerie, d’Wuerzel, d’Enn an d’Porettegréngs reng hacken. E Schnatz Botter an engem Dëppe schmëlzen an d’Geméis doran ubroden.

De Wäin dobäi schëdden a kuerz opkache loossen. D’Lorberblat an de Péiterséileg dobäiginn. 1 Minutt kachen, dann d’Waasser dobäi schëdden. Wann d’Waasser bis kacht, d’Mullen dobäiginn, zoudecken a 5 Minutte kachen, bis d’Mullen opginn.

D’Mulle mam Jus duerch e Sift ginn, dobäi de Bouillon an enger Schossel drënner opfänken.

Fir d’Zopp:
D’Mullen aus de Schuelen eraushuelen an de Baart erofhuelen. Op d’Säit stellen.

De Botter an engem Dëppe schmëlzen, d’Miel dobäiginn a kuerz uschweessen. Dann de Bouillon ënnerréieren, sou dass keng Klompen entstinn.

D’Porett dobäiginn an eng Minutt opkache loossen.

D’Ram an de Curry dobäiginn, a kuerz opkache loossen.

De Safran an de Cayenne-Peffer dobäiginn, dann d’Mullen an d’Zopp ginn.

Virum zerwéieren d’Ram zu Schlagsan schloen, an d’Dëppe ginn a kuerz ëmréieren.

Op 4 Tellere verdeelen a mat Péiterséileg zerwéieren.

© Anne Faber

Back to Top
CIM LOGO