Champions League Gol-Festival zu Paräis, PSG geet no 5:4-Victoire mat klengem Polster an de Réckmatch

Steven Milbert
En Dënschdeg den Owend hunn de PSG a Bayern München am Kader vun der Champions-League-Saison 25/26 fir den Optakt vun den Halleffinallen invitéiert.
© Alain Jocard / AFP

An d'Spectateuren, déi dëser Invitatioun nokomm sinn, goufen en Dënschdegowend wuel verwinnt. An engem Match, an deem béid Ekippe mat oppenem Viséier gespillt hunn, kruten d'Spectateure ganzer 9 Goler ze gesinn. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt an hu mat voller Vitess a Richtung Gol gespillt. Um Enn sollten déi Paräisser awer de längeren Otem hunn a sech knapps mat 5:4 géint d'Münchener behaapten.

Domadder geet de PSG mat engem klengen Avantage an de Réckmatch an enger Woch, deen nächste Mëttwoch an der Allianz Arena gespillt wäert ginn.

PSG - Bayern München 5:4

0:1 Kane (17', Eelefmeter), 1:1 Kvaratskhelia (25'), 2:1 Joao Neves (33'), 2:2 Olise (41'), 3:2 Dembélé (45'+5), 4:2 Kvaratskhelia (56'), 5:2 Dembélé (59'), 5:3 Upamecano (65'), 5:4 Luis Diaz (69')

D'Spectateure kruten zu Paräis eng verhalen Ufanksphas vu béide Formatiounen ze gesinn. Béid Ekippen hu sech an der éischter Véierelsstonn ofgetaascht, ier datt et dunn esou richteg lassgoe sollt. An der 17. Minutt kruten d'Münchener vum Arbitter en Eelefmeter zougeschwat. Dëst nodeems de Pacho de Luis Diaz am Strofraum gefoult huet. De fällegen Eelefmeter huet de Kane sécher zum 1:0 fir d'Gäscht verwäert. Doropshin haten d'Münchener an der 20. Minutt d'Méiglechkeet, fir de Score op 2:0 ze setzen. Allerdéngs hunn dem Olise virum Safonov am Gol vun de Paräisser d'Nerve versot, soudatt dësen de Ball entschäerfen a seng Defenseuren d'Situatioun kläre konnten. De PSG ass dogéint an der 23. Minutt fir déi éischte Kéier geféierlech virum Gol vun de Bayern opgedaucht. Et war den Dembélé, dee vum Joao Neves an d'Lach geschéckt gouf, deen am 1-géint-1 mam Neuer säi Schoss allerdéngs vëlleg ratéiert an de Ball gutt fënnef Meter nieft de Gol gesat huet.

De Kvaratskhelia sollt et zwou Minutten drop besser maachen, ewéi säi Matspiller. Am Strofraum koum de Georgier un de Ball, huet de Stanisic ausgedanzt an de Ball äiskal an de laange rietsen Eck gezierkelt. Deemno stoung et no 25 Minutten an engem Match, an deem béid Ekippe mat oppenem Viséier gespillt hunn, 1:1. An deenen nächste Minutten ass et op an of gaangen, ier datt de PSG nees zouschloe sollt. No engem Corner ass ee vun deene kéngste Männer um Terrain mam Kapp un de Ball komm. Et war de Joao Neves, deen de Ball mustergülteg am laangen Eck versenke konnt. Den Neuer konnt dem Ball an dëser Zeen just nach nokucken, wéi dësen hannert him am Filet aschloe sollt. De PSG huet no dësem Treffer den Toun am Match uginn an huet op ee weidere Gol gedréckt, an dobäi hunn dem Doué an der 37. Minutt bei sengem Distanzschoss just Zentimeter gefeelt.

D'Bayern sinn awer och weiderhi brandgeféierlech bliwwen, wat se an der 41. Minutt am Numm vum Olise ënner Beweis gestallt hunn. An der Paräisser Hallschent ass de Fransous un de Ball komm, woubäi d'Spiller vu Paräis dem Bayern-Star ze vill Plaz gelooss hunn, soudatt dëse sech en Häerz gefaasst an e sate Schoss a Richtung Gol vum PSG lassgelooss huet. De Schoss ass laanscht Mann a Maus geflunn an hannert dem Safonov am Filet ageschloen. De Match war deemno egaliséiert, mä et sollt awer net mat dësem Score op den Téi goen. Kuerz virun der Paus kruten déi Paräisser nach en Handeelefmeter no kuerzer Interventioun vum VAR zougeschwat, dee sech den Dembélé net huele gelooss, an esou seng Faarwen op en Néits a Féierung bruecht huet. No enger actionräicher éischter Hallschent goufe béid Formatiounen deemno beim Stand vun 3:2 an d'Kabinne geschéckt.

An der zweeter Hallschent ass de Match mat vollem Elan weidergaangen. Esou huet et knapps 11 Minutte gedauert, ier datt deen nächste Gol fale sollt. An der 56. Minutt hat den Hakimi op der rietser Säit vill Plaz, soudatt de Marokkaner de Ball an de Réckraum spille konnt, wou de Kvaratskhelia gelauert huet, deen net laang gezéckt an de Ball per Direktschoss am Gol ënnerbrénge konnt. D'Bayern waren deen Ament destabiliséiert a stoungen an där Phas vum Match vill ze héich. Dorausser konnt de PSG Kapital schloen. Esou huet den Doué an der 59. Minutt op den Dembélé gespillt, deen zum Schock vun all de Bayern-Fans de Ball zum 5:2 am Filet ënnerbrénge konnt.

D'Mass war allerdéngs nach net gelies an et sollt nach weidergoe mat de Goler. Deen nächste sollt awer op de Kont vun de Bayern goen. No engem Fräistouss an der 65. Minutt vum Kimmich ass den Upamecano esou just mam Kapp un de Ball komm, soudatt de Fransous dëse liicht deviéiere konnt, wouduerch de Ball an de Gol fléie sollt. Kuerz drop huet de Luis Diaz an der 69. Minutt den Ecart just nach op ee Gol reduzéiert. An engem verréckte Match stoung et deemno 5:4 an et waren nach gutt 20 Minutten ze spillen.

D'Bayern waren elo déi méi aktiv Ekipp an hu konstant probéiert, fir den Drock op déi Paräisser Defense héich ze halen. Allerdéngs sollte si dës Drockphas net an e Gol ëmmënze kënnen. Vum PSG war nom Géigegol net méi vill ze gesinn, allerdéngs sollten d'Fransousen an der 87. Minutt bal hire sechste Gol vum Dag markéieren: De Vitinha huet fir den agewiesselten Mayulu opgeluecht, deen aus spatzem Wénkel ofgezunn an dobäi d'Lat getraff huet. De Neuer am Münchener Gol wier bei dëser Occasioun wuel ouni Chance gewiescht. Um Enn sollt sech awer näischt méi um Resultat änneren, soudatt den Arbitter de Match no 90 Minutte beim Stand vu 5:4 ofpäift.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO