Bib Gourmand Belsch a Lëtzebuerg 2026Siwen nei Restauranten ausgezeechent, ma keen neien aus dem Grand-Duché dobäi

RTL Lëtzebuerg
Mam Bib Gourmand gi vum Guide Michelin Restauranten ausgezeechent, déi en exzeptionellt Präis-Leeschtungs-Verhältniss ubidden.

Wéi et an engem Communiqué vum Guide Michelin heescht, kruten an hirer Editioun fir d'Belsch a Lëtzebuerg siwen nei Restauranten d'Auszeechnung "Bib Gourmand", wat fir en exzeptionellt Präis-Leeschtungs-Verhältnis steet. All déi nei Restauranten op dëser Lëscht leien awer an der Belsch. Dat wieren d'Alley Mian, den ÔNGBÀ an de Stone Dial zu Bréissel, de Basta! zu Wanze esou wéi och de Restaurant Coquo zu Bierwart. Aus der Regioun Flandere stinn elo supplementäre den "Den Bourgondiër" zu Wilrijk an den Ching Ching zu Emblem mat op der Lëscht.

De Guide Michelin mat all de Restauranten, déi e Michelin Stär an der Belsch an zu Lëtzebuerg kruten, gëtt de 4. Mee presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO