FrankräichMéi Alkohol am Schampes duerch déi extrem Hëtzt

RTL mat AFP
Eng Ausnamereegelung erlaabt et de Wënzer, méi héichprozentege Schampes ze produzéieren. Wäert "de Schampes vu muer" ëmmer méi staark sinn?
An der Kippche kéint geschwë méi dacks méi Alkohol dra sinn
An der Kippche kéint geschwë méi dacks méi Alkohol dra sinn
© SAMEER AL-DOUMY/AFP

Wéinst den extreme klimatesche Konditiounen dierf Schampes an dësem Joer bis zu 15 Prozent Alkohol enthalen. Eng Ausnam erlaabt de Wënzer d'Produktioun vu méi héichprozentegem Schampes, well d'Drauwe scho bei der Lies en héijen Alkoholgehalt opweisen, sou de Comité Champagne e Mëttwoch. Normalerweis huet de Schampes 12 Prozent Alkohol.

Dëst Joer wieren zwar manner Drauwe gelies ginn, mee well se duerch d'Hëtztwelle fréi geräift waren, wiere se vu besonnescher Qualitéit, sou de Verband weider. D'Bedingunge wieren déi Kéier besonnesch schwiereg gewiescht. Intensive Frascht am Fréijoer, eng fréi Bléi a fënnef deels extrem Canicullen am Summer. Dowéinst hat d'Drauwelies bei verschiddene Wënzer schonn de 6. August ugefaangen, fir déi meeschten de 17. August, ronn zwou Woche méi fréi wéi zejoert.

Wéinst dem Klimawandel kéint dës exzeptionell Lies mëttelfristeg zur Normalitéit ginn, sou de Co-Virsëtzende vum Comité Champagne Maxime Toubart. Et wier néideg, sech dorop virzebereeden an iwwert "de Schampes vu muer" nozedenken. Pro Hektar si ronn 7.000 Kilo Drauwe gelies ginn - d'lescht Joer waren et der nach knapp 10.000. Dëst géing sech awer net an der Quantitéit weisen, déi op de Marché kënnt, well Schampes an de meeschte Fäll aus verschiddene Joergäng verschnidde gëtt.

Back to Top
CIM LOGO