Stäre-Kiche bequeem doheemMichelin-Restaurant "La Villa" lancéiert Liwwerservice

Ian Pocervina
De Restaurant "La Villa de Camille et Julien" op der Polvermillen setzt a schwéieren Zäiten op Adaptatioun a bitt als éischte Michelin-Restaurant zu Lëtzebuerg e Liwwerservice un.
Der Besëtzerkoppel no soll d'Liwweren net d'finanziell Problemer vum Restaurant léisen, mä d'Siichtbarkeet erhéijen an d'Plaz vun der héijer Gastronomie am Alldag nei iwwerdenken.
© Nelson Cheung

De komplette Reportage op Englesch fannt Dir bei eise Kolleege vum RTL Today.


De Restaurant "La Villa de Camille et Julien" op der Polvermillen brécht mat der Traditioun a bitt als éischte Michelin-Restaurant zu Lëtzebuerg e Liwwerservice un. De Chefkach Julien Lucas a seng Partnerin Camille Tardif hu bal ee Joer an d'Entwécklung vum Konzept investéiert: nei Rezepter goufe getest, speziell Verpackungen entwéckelt an déi Platen erausgesicht, déi och beim Transport hir Qualitéit sollen halen.

De Fokus läit dobäi op der Gamm vun de sougenannte "Croustis" – knuspreg a längelzeg Bliederdeegformen, déi mat salzegen oder séisse Fëllunge komplettéiert ginn. Eng besonnesch Variant ass de "Croustidog", deen eng Lëtzebuerger Zoossiss am Stil vun engem Hot Dog op spilleresch Aart nei interpretéiert.

Duerch den Emballage sollen d'Platen sécher bleiwen an d'Clientë brauchen doheem näischt méi ze maachen, well d'Gamm geduecht ass, fir kal ze iessen. De Service gouf Ufank Juli lancéiert an no e puer 100 Commanden vun engem op méi Liwwerplattformen ausgebaut.

Fir Feierdeeg wéi Chrëschtdag a Vältesdag, oder wärend der Wëldsaison si limitéiert Spezialitéiten an der Virbereedung – dorënner och dem Julien Lucas säi "lièvre à la royale", e Klassiker, deen hien nei interpretéiert huet an domadder 2022 de Weltmeeschtertitel fir de Plat kritt huet. An dësem Fall géingen dann d'Komponenten eenzel agepaakt ginn a kéinte mat Uweisungen a manner wéi 15 Minutten doheem prett gemaach ginn.

Michelin-Restaurant "La Villa" lancéiert Liwwerservice
De Restaurant "La Villa de Camille et Julien" setzt a schwéieren Zäiten op Adaptatioun a bitt als éischte Michelin-Restaurant zu Lëtzebuerg e Liwwerservice un.

Déi nei Etapp fir de Restaurant ass och eng Äntwert op déi méi kleng Demande an der Mëttesstonn, sou d'Bedreiwer. D'Leit hätten zanter der Pandemie en neie Rhythmus mat neie Prioritéiten, sou datt bequeem a séiert Iessen dacks méi wichteg wier.

Well d'Platen zu Rouzäiten an der Kiche virbereet ginn, wier de finanzielle Risiko limitéiert. Sollt méi Nofro kommen, zéckt d'Besëtzerkoppel awer net, zousätzlech Personal anzestellen oder vläicht eng temporär Pop-up-Filial opzemaachen.

D'Camille Tardif huet ënnerstrach, datt d'Liwweren net d'finanziell Problemer vum Restaurant géif léisen. Et geet éischter drëm, zousätzlech Recetten ze schafen, d'Siichtbarkeet ze erhéijen an d'Plaz vun der héijer Gastronomie am Alldag nei ze iwwerdenken.

D'Aféiere vum Liwwerservice ass och eng Géigebeweegung zu der Decisioun, de Restaurant wëllen ze verkafen, wat d'Koppel am Januar 2025 nach maache wollt. Trotz Michelin-Stär hat de Restaurant Problemer, iwwert d'Ronnen ze kommen. Dobäi koume sëllege Chantieren op der Polvermillen, déi de Besëtzer no och massiv hire Revenue no ënne gedréckt hunn.

Um Enn war et d'Ënnerstëtzung vun de Clienten, Mataarbechter a Geschäftspartner déi d'Koppel iwwerzeegt, um Standuert festzehalen an hier Offer weider ze adaptéieren.

Allerdéngs kënnt den neie Liwwerservice zu engem Zäitpunkt, wou d'Plattformwirtschaft zu Lëtzebuerg ëmmer méi ënner Observatioun steet – virun allem wéinst dem feelende Schutz fir Liwweranten. En entspriechend Gesetz gëtt sech am November erwaart.

Back to Top
CIM LOGO