
De Marché fir Nahrungsergänzungsmëttel wiisst zanter Joren, ugedriwwen duerch Fitness-Trends a Gesondheetsbewosstsinn. Vill Leit huele Vitaminnen & Co präventiv, dacks ouni konkret Diagnos oder medezinesch Berodung. Fir de Prof. Dr. Mohannad Kafri, Expert fir klinesch Ernierung, ass d’Roll awer kloer definéiert: “Supplement comes from their name, supplement. They supplement our diet, they are not the actual food we consume.” Dat heescht: D’Pëlle sollen eng equilibréiert Ernierung net ersetzen. Eng variéiert Alimentatioun mat genuch Friichten, Geméis, Proteinnen a gesonde Fetter bleift déi wichtegst Basis fir d’Gesondheet.
Vitaminnen, Protein-Pudder, Omega-3. Nahrungsergänzungsmëttel sinn haut iwwerall ze kréien. Besonnesch op Social Media gëtt Pub dofir gemaach.

Tatsächlech brauchen déi meescht gesond Leit keng Iessergänzungsmëttel, wa si sech equilibréiert ernären. D’Zousätz kënnen zwar sënnvoll sinn, zum Beispill bei engem Mangel duerch speziell Ernierung, dacks bei Veganer oder Vegetarier, oder engem méi héijem Bedarf, wéi bei Leeschtungssportler.
Mee Trends eleng sinn net Grond genuch, se ze huelen. “What we really need to focus on is a well balanced diet… then depending on our needs, supplements can come into play.”
Zousätzlech kënnen Iessergänzungsmëttel och Risken hunn: Iwwerdoséieren, Interaktioun mat Medikamenter oder Produite vu schlechter Qualitéit. Experte roden dofir, d’Pëlle geziilt an no anstänneger Recherche anzehuelen.
Och zu Lëtzebuerg gëtt et Acteuren um Marché, déi op méi Transparenz bei Iessergänzungsmëttel setzen. D’Entreprise Naway, gegrënnt vum Tim Thomé a Ricardo Prosperi, ass aus enger perséinlecher Erfarung eraus entstanen. Déi zwee kenne sech nach aus dem Lycée a maachen allebéid vill Sport. Dobäi hu si iwwer Joren ëmmer nees verschidden Ergänzungsmëttel ausprobéiert an dobäi och gemierkt, dass vill Produiten net hire Virstellungen entspriechen.
“Mir hunn eis ausgetosch iwwer verschidde Produiten, déi mer probéiert hunn an iwwert eng laang Zäit ass opgefall, dass et e gewëssene Mangel un eppes gouf an dat war éischtens mol Transparenz an einfach en éierleche Produit , dee gutt schmaacht, wou d’Ingredienten dat sinn, wat mir eis virstellen“, seet den Tim Thomé. Fir déi zwee bleift awer kloer: Supplements sinn nëmmen eng Ergänzung an net d’Basis vun enger gesonder Liewensweis. “Iessergänzungsmëttel sinn am Endeffekt eng Ergänzung zu der Ernierung, dat heescht, d’Grondlag muss stëmmen, et muss ee sech richteg ernieren, genuch Schlof kréien, reegelméisseg beweegen, do kann kee Supplement engem dobäi hëllefen”, erkläert den Tim Thomé a gëtt domat dem Expert Prof. Mohannad Kafri Recht.
Besonnesch beim Thema Protein gesinn déi zwee awer och eng praktesch Säit. Hei kéint e Shake heiansdo hëllefen, de Besoin am Alldag méi einfach ze decken. “Proteinpolver ass jo meeschtens am Endeffekt richtegt iessen, just méi konzentréiert an als Polver”, seet Ricardo Prosperi. Gläichzäiteg weisen si och drop hin, dass een ëmmer genee kucken soll, wat an engem Produit dran ass. Fir si ass Transparenz bei den Ingredienten e wichtege Punkt an och e Grond, firwat si hir eege Produiten entwéckelt hunn.

Méi kritesch gesinn déi zwee Entrepreneuren déi vill “High-Protein"-Produiten, déi een haut a bal all Supermarché fënnt. “d”, seet den Tim Thomé iwwer déi vill High-Protein-Produiten am Handel. Fir hien ass et allgemeng méi sënnvoll, op natierlech Liewensmëttel ze setzen an esou wéineg verschaffte Produite wéi méiglech ze konsuméieren.
Och de Ricardo Prosperi weist drop hin, dass vill vun dëse Produiten zwar mat “High Protein” vermaart ginn, mee net onbedéngt méi gesond sinn. Dacks géifen Ingrediente matgemëscht ginn, fir de Goût ze verbesseren oder d’Haltbarkeet ze verlängeren. “Natierlech gi vill Saachen dragemaach, di net onbedéngt dragehéieren, mee einfach just fir dat, dass d’Leit et einfach kënnen konsuméieren”, erkläert Ricardo Prosperi. Fir d’Konsumenten heescht dat virun allem: d’Lëscht vun den Ingrediente genee liesen an net nëmmen op Marketing-Begrëffer um Produit vertrauen.
D’Fettsaier gëllt fir vill Leit als Wonnermëttel fir Häerz, Gehier an allgemeng Gesondheet.
D’Fettsaier gëllt fir vill Leit als Wonnermëttel fir Häerz, Gehier an allgemeng Gesondheet. Fakt ass: Omega-3 ass essentiel. De Kierper kann et net selwer produzéieren an ass op extern Quelle ugewisen. Mee och hei gëllt: net jidderee brauch Kapselen. Vill Leit kënnen hire Besoin iwwer d’Ernierung, zum Beispill duerch fettege Fësch wéi Saumon oder Makréil, mee och duerch Nëss decken. Dem Mohannad Kafri no kann eng gesond Ernierung dacks schonn duergoen: “If you consume at least two servings of fatty fish per week… you can have enough omega-3, no need for supplements.” Doriwwer eraus ginn et grouss Ënnerscheeder bei der Qualitéit vun Omega-3-Kapselen. Net all Produite ginn d’selwecht gutt vum Kierper opgeholl, an déi bëlleg Varianten sinn net ëmmer de beschte Choix.

Iessergänzungsmëttel sinn also net per se schlecht, mee si sinn och keng Wonnerléisung, fënnt den Ernierungswëssenschaftler. Fir déi meescht Leit bleift eng equilibréiert Ernierung déi wichtegst Basis fir Gesondheet. Iessergänzungsmëttel kënnen a bestëmmte Situatiounen hëllefräich sinn, mee si solle geziilt a richteg agesat ginn. Wéi Omega-3 weist: Net all Trend ass automatesch eng Noutwendegkeet.