
Ugefaangen huet et beim Max wéi bei villen aneren och: en Owend ënner Kolleegen an d’Opfuerderung, einfach mol ze probéieren. “Eigentlich nëmmen duerch Gruppenzwang.” Et ass awer net bei dëser Kéier bliwwen. Ëmmer méi dacks fëmmt de Max zesumme mat senge Kolleegen an iergendwann gouf aus dem geleeëntleche Konsum um Weekend eng Gewunnecht, déi och an der Woch ëmmer méi heefeg virkënnt, bis et schlussendlech just nach Routine gouf. An de leschte Joren huet hien 200 bis 500 Euro de Mount fir déi ënnerschiddlechst Zorte vu Cannabis ausginn.
“All Dag dräi bis fënnef Mol. Moies, mëttes, owes. Och deelweis virun der Aarbecht, wärend der Aarbecht, no der Aarbecht.”
No méi wéi zéng Joer, wou hie säin Alldag just ënner Cannabis-Afloss kannt huet, mierkt de Max, dass eppes net stëmmt. Hie beschreift, dass hie kee richtegt Zäitgefill méi huet: “Ech konnt net méi soen, war Vergaangenheet a war Géigewaart war... Ech war esou richteg an enger Nostaligie-schläif gefaangen. Ech konnt mir näischt méi verhalen.“ Et wier net méi de positive Rausch gewiescht, mee just nach Middegkeet an ausbleiwend Motivatioun. Hie kéint sech u villes aus de leschte Joren net richteg erënneren, et wier net ganz kloer wat reell war, a wat wéini geschitt ass. Besonnesch schockéiert war hien, wou e bis mierkt, dass souguer Erënnerungen aus senger Kandheet ufänken, verschwommen ze ginn.
A fir de Max, deen elo 32 Joer al ass an an engem Handwierksbetrib schafft, war et en Zeechen, e Schlussstréch ze zéien.
Vun haut op muer huet de Max opgehalen. Kierperlech hätt hien et scho gespuert: “Ech hat schweesseg Hänn, ech konnt net schlofen, an och reegelméisseg eppes ze iessen, doru misst ech mech erëm gewinnen.” Geeschteg géif hie sech elo awer scho vill méi fit spieren. Hie gesäit am Cannabis ëmmer nach Virdeeler, mee just mat engem geleeëntleche Konsum an net esou iwwerdriwwen, wéi hien et praktizéiert hätt.
Deemno gesäit hien an der Legaliséierung och munch positiv Säiten. “Domat, datt d’Leit anstännegt Material consomméieren an et net zu der ganzer gestreckter illegaler wuer kënnt. Well vill Leit dowéinst op Dauer gesondheetlech Probleemer dervu gedroen hunn, och am jonken Alter. Dat ass duerch d’Apdikt an iwwerpréifte Cannabis fir d’Leit dann einfach besser.” De legale Konsum vun 18 Joer u gesäit hien als fréiere Konsument awer kritesch. D’Gehier géif sech nach bis Mëtt-Zwanzeg entwéckelen, 18 Joer wier einfach ze fréi. An hie selwer wier frou, dass hie réischt mat 19 Joer a Kontakt mat der Drog komm wier.
Dem Max säi Fall wéisst, dass Cannabis, deen zënter gutt zwee Joer elo zu Lëtzebuerg dierf legal consomméiert ginn, net ze ënnerschätzen ass. Wéi sech d’Lag zu Lëtzebuerg zënter der Regulariséierung verännert huet, kënnt Dir hei noliesen.
*Den Numm gouf vun der RTL-Redaktioun geännert.