
Och 2020 waren nees zéngdausend Persoune beim “Hadaka Matsuri”, dem sougenannte “Fest vun de Plakege” mat dobäi. Ganz plakeg ware si allerdéngs net: si haten e Fundoshi-Lendenschurz un.
D’Ritual ass ëmmer dat selwecht: als éischt wäsche sech d’Participante mat Waasser. Géint 22 Auer ginn d’Luuchten aus an e Paschtouer schéisst zwee geseenten Holzstief an d’Mënschemasse. Op déijéineg, déi déi 20 cm laang Holzstécker opfänken a bis bei d’Paart vum Tempel bréngen, waart eng grouss Belounung: hinne gëtt e glécklecht Joer garantéiert. Dohier dann och d’Bezeechnung: “déi glécklech Männer”.