RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Marcel Ewen

Patrick Greis
De Sprangreider iwwer seng Zäit um Härebierg, d'Relatioun zu de Päerd, seng Sich no der grousser Léift a wéi de Jean-Claude Juncker him gehollef huet.
Marcel Ewen
© Patrick Greis

Net just als Sprangreider war hien eng Nummer, mee ass et och als Mënsch. De fréiere Sportzaldot huet um Härebierg e puer aussergewéinlech Geschichten erlieft, wou déi mam Appell an der Ënnerwäsch nach déi harmloost ass. Dass en duerch seng Schwëster bei de Päerdssport koum, a wéi eng Relatioun hien zu den Déieren huet, zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel am 'Café des artistes'.

Hien ass houfreg op d'Joren am Déngscht vum Land, ass awer och reegelméisseg an Asien ënnerwee.

Nach ëmmer ass hien op der Sich no der grousser Léift a verréit, wéi de Jean-Claude Juncker him, mat engem Uruff, aus enger
delikater Situatioun gehollef huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO