Miniatur-Zich100 Garen nogebaut - D'Faszinatioun vum Camille Liesch

RTL Lëtzebuerg
De Camille Liesch ass vun Garë faszinéiert, net nëmme kennt hie se all, nee hien huet der esouguer 100 nogebaut.
Miniatur-Zich
De Camille Liesch ass vun Garë faszinéiert, net nëmme kennt hie se all, nee hien huet der esouguer 100 nogebaut.

An dëst 1:100.

Säin Dram, all seng Module eng Kéier beieneen ze weisen, dofir ass awer net genuch Plaz doheem.

Seng Duechter d’Mireille, erzielt aus hirer Kandheet, wéi schwéier et war, wéi se ëmmer vun engem Buttek an deen anere gaange sinn an de Vakanzen fir Material an Zich ze kafen. An awer ënnerstëtzt si hien, wou et geet.

Hire Papp säin neiste Projet ass elo, den Tram nozebauen mat allem ronderëm, wat dozou gehéiert. Wann de Camille eng Kéier eng Hal fënnt, wäerte mer nach eng Kéier eppes vun him ze héieren kréien.

Back to Top
CIM LOGO